Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Helmut Thoma, gebuer den 3. Mee 1939 zu Wien, ass en éisträichesche Jurist, Manager a Pressespriecher. Hien huet seng Haaptcarrière bei RTL gemaach.

Helmut Thoma
Gebuer 3. Mee 1939
Wien
Nationalitéit Éisträich
Aktivitéit Journalist

Seng Karriär änneren

 
De Schauspiller Manuel Cortez mam Helmut Thoma

Den Thoma, deen am Ufank eng Plaz an enger Molkerei hat, huet säi Studium an Owescoursen nogeholl, säin Abitur gemaach, op der Universitéit vu Wien Droit studéiert an ass 1962 zum Dr. jur. promovéiert.

Duerno war hie beim ORF Chef vum Service juridique. Dunn huet hien eng Plaz beim däitschsproochege Programm vu Radio Lëtzebuerg ugeholl, wou en 1982 Programmdirekter gouf.

1984 huet en d'Leedung vun der Televisiounsbranche, an 1986 d'Geschäftsféirung vun RTLplus Däitschland iwwerholl. 1998 huet den Helmut Thoma säi Posten als Direkter vun RTL Television, deen him 1991 uvertraut gi war, an deen hie vun 1996 un eleng besat huet, u säi Landsmann Gerhard Zeiler ofgetratt. 2003 ass den Zeiler Generaldirekter vum RTL Group ginn.

Präisser an Auszeechnungen änneren

  • Medien-Mann vum Joer 1989
  • Bambi (1990)
  • Gëlle Kamera (1990)
  • Gëllent Éierenzeeche vun der Stad Wien (1991)

Um Spaweck änneren