Als Laangwell (LW) bezeechent een eng elektromagnéitesch Well mat Wellelängten tëscht 1000 an 10.000 Meter, déi Frequenzen tëscht 30 kHz an 300 kHz entspriechen (am Verglach: Mëttelwell 100 m bis 1 km; Kuerzwell 10 bis 100 m; Ultrakuerzwell 1 bis 10 m). Funkwellen ënner 30 kHz ginn als Längstwellen (VLF – Very Low Frequency) duergestallt.

D'Ausbreedung erfollegt als Buedemwell, wärend déi schwaach profiléiert Raumwell daagsiwwer bal ganz vun der D-Schicht vun der Ionosphär absorbéiert gëtt an dofir net op d'Äerduewerfläch zeréckkënnt. Nëmme bei der Ausbreedung iwwer d'Nuetssäit vun der Äerd ass Wäitempfang méiglech. Beim Zesummentreffe vu Raum- a Buedemwell sinn dann och Interferenzbiller (Fading) z'observéieren.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren