RTL5 ass e privaten Televisiounssender an hollännescher Sprooch.

Logo

En huet vun Ufank bis 2024 der RTL Nederland Holding BV gehéiert, enger Duechterfirma zu 73% vun der RTL Group.

Enn 2023 huet d'RTL Group bekannt gemaach, am Laf vun 2024 RTL Nederland mat senge sëllege Senderen (RTL4, RTL5, RTL7, RTL8, RTLZ, sou wéi och d'Pay-TV-Senderen RTL Lounge, RTL Crime an RTL Telekids) fir 1,1 Milliard Euro un DPG Media ze verkafen. Déi zwéi Gruppe behalen awer weiderhin eng strategesch Partnerschaft, wat d'Technologie, Publicitéitsmarketing a Content betrëfft. Ausserdeem soll DPG Media bis op d'mannst 2034 d'Mark "RTL" van Holland viru benotze kënnen.[1]


De Sender ass zu Lëtzebuerg terrestresch an an Holland via Kabel a Satellit z'emfänken.

D'Programmer ginn zu Hilversum vun der RTL Nederland Holding BV produzéiert an zu Lëtzebuerg ausgestraalt. RTL Nederland Holding BV gehéiert zu 73 % der RTL Group.

Kuckt och änneren

  1. "RTL-Gruppe verkauft niederländisches Geschäft." wort.lu, 15.12.2023.