Mast vun der Nuetsantenn zu Maarnech

De Mast vun der Nuetsantenn zu Maarnech war en dräieckege Gittermast dee mat Kabelen ofgespaant war. E gouf 1970 a Betrib geholl a gouf uganks 2016 ofgerappt. E war 60 Meter héich.

Nuetssender vu Maarnech

De Mast huet zum Mëttelwellesender vun RTL gehéiert, deen do owes fir d'éischt den däitschsproochege Radiosprogramm, dono den engleschen (Radio Luxembourg 208) ausgestraalt huet.

Fir d'Leeschtung vum Sender ze vergréisseren ass donieft 1976 e Reflektermast opgeriicht ginn.

Dës 2 Maste stoungen eigentlech net zu Maarnech, mä um Terrain vun der Gemeng Parc Housen, an der Lehmkaul zu Duerscht, op enger Héicht vu 530 Meter, net wäit ewech vum Schwaarzenhiwel, eng vun den héchste Plazen zu Lëtzebuerg (535 m).

Zanter den 1990er Joren huet RTL se net méi benotzt. Si goufen awer bis Enn 2015 un aner Radiosentreprisë verlount, z. B. Radio China International.

Nodeems se den 31. Dezember 2015 fir ëmmer ofgeschalt goufen, goufe se den 11. Februar 2016 ofgerappt[1], an den Terrain op deem se stoungen, un de Lëtzebuerger Staat verkaaft, fir do an de Gebaier Flüchtlingen ënnerzebréngen.[2]

Referenzen änneren

  1. *D'Antennen zu Maarnech si fort!" rtl.lu, 11.02.2016 / Video 00:01:12
  2. "Maarnech: Sendere ginn ofgeschalt an ofgebaut." rtl.lu, Leschten Update: 30.12.2015, 18:32:01.