CFL-Busdéngscht
Den CFL-Busdéngscht ass e Bussystem zu Lëtzebuerg, dee vun der CFL bedriwwe gëtt an den Transport op enger Rei Linnen am ganze Land garantéiert. Verschidde Linne si fir de Schülertransport bestëmmt. Den CFL-Busdéngscht ass domat haut een Element vum RGTR.

Geschicht Änneren
Situatioun virun der Grënnung vum Busdéngscht Änneren
Bei der Grënnung vun der CFL 1946 war an de Statuten am Artikel 4 scho virgesinn, datt Eisebunnslinnen oder Deeler dovun, wou de Betrib sech als defizitär géif erweisen, reduzéiert oder ganz agestallt kéinte ginn an den Transport duerch en anert Verkéiersmëttel assuréiert ginn.
Am Joer 1948 ass dovu fir d'éischt Kéier Gebrauch gemaach gi fir d'Eisebunnslinne Grondhaff – Beefort, Kruuchten – Fiels an Dikrech – Veianen zouzemaachen a mat Bussen z'ersetzen. D'Konzessioun fir déi Buslinne goung un d'CFL, se sinn awer am Optrag vun der CFL vu private Busfirmae bedriwwe ginn. Eréischt vun 1958 u sinn dës Buslinne vum CFL-Busdéngscht iwwerholl ginn.
Grënnung vum Busdéngscht Änneren
Am Joer 1952 gouf den CFL-Busdéngscht mat 6 Bussen an d'Liewe geruff. Doduerch sollt et méiglech sinn den Transport op Substitutiounsstrecken duerch eege Mëttel ze garantéieren. Déi éischt Streck déi befuer ginn ass, war d'Streck Näerden – Maartel.
Déi éischt 6 Busse vum Typ Chausson ASH52 sinn den 13. September 1952 vun der Firma Chausson geliwwert ginn. Duerno sinn déi éischt Leit, déi sech als Buschauffer gemellt haten, vun de Vertrieder vum Hiersteller mat de Busse vertraut gemaach ginn. De Linnebetrib ass den 12. November 1952 opgeholl ginn. De Jean-Pierre Blitgen war de Chauffer um éischte Bus.
Am Joer 1953 ware schonn 13 Bussen am Asaz an d'Zuel ass an de Joren duerno stänneg eropgaange bis eng Zuel vu zirka 50 Bussen erreecht war an duerno méi oder manner konstant bliwwen ass. De Stationement vun de Busse war an der Stad am Ufank direkt riets nieft der Gare a si hunn d'Stroossebild besonnesch an den 1950er a 60er Joren do staark markéiert.
Substitutiounsstrecken Änneren
No an no sinn d'Schmuelspuerstrecken zou gemaach ginn. Et waren awer och Deeler vun den Normalspuerstrecken, déi net rentabel genuch waren, vun der Rationaliséierung betraff. Op de Strecken Ëlwen – Wilwerdang (1950), Iechternach – Gréiwemaacher (1954), Dikrech – Iechternach (1964) a Péiteng – Ettelbréck (1967) ass den Eisebunnsbetrib agestallt an duerch Bussen ersat ginn. Dobäi ass versicht ginn, de Streckeverlaf sou genee wéi méiglech d'selwecht wéi déi fréier Eisebunnslinn ze fueren.
CFL-CRL Änneren
Mam Zoumaache vun der Eisebunnslinn Péiteng – Ettelbréck am September 1967 gouf duerch den deemolegen Transportminister Albert Bousser eng Harmoniséierung vun den ëffentleche Persounentransporter iwwer d'Strooss ugestrieft. Doduerch ass d'CFL Konzessionär vun den ëffentleche Buslinnen am ganze Land ginn a krut d'Organisatioun a Verwaltung vun de Busse vun der Kooperativ Compagnie Routière Luxembourgeoise (CRL) uvertraut. Dës nei Organisatioun war fir déi privat Autobusfirme vu groussem Virdeel an och fir d'CFL zefriddestellend.
Am éischte Joer vum Bestoen 1968 si vun de private Bussen zirka 2,813 Millioune km gefuer ginn. Vum CFL-Busdéngscht si 640 000 km gefuer ginn an zousätzlech op de Substitutiounsstrecken zirka 3,171 Mio km, wat en Undeel vu 57,5 % ausgemaach huet.
Am Joer 1977, dat lescht komplett Joer vun deem koordinéierte Transportsystem CFL-CRL, si vun de private Bussen zirka 5,734 Mio km gefuer ginn a vum CFL-Busdéngscht 727 000 km plus 3,121 Mio km op de Substitutiounsstrecken, wat en Undeel vu 40,2 % ausgemaach huet.
RGTR Änneren
Duerch en Ofkommes vum 25. Februar 1978 tëscht dem deemolegen Transportminister Josy Barthel an dem President vum CFL-Verwaltungsrot krut d'CFL d'Konzessioune fir de Betrib vun de Strecke vum ëffentleche Persouneverkéier oferkannt an de koordinéierte System gouf vum 1. Mäerz 1978 un direkt dem Verkéiersministère ënnerstallt. D'CFL kruten awer déi technesch Organisatioun an d'Comptabilitéit vun der neier Organisatioun Régime général des transports routiers (RGTR) auszeféieren. Fir d'Organisatioun an de Betrib op de Substitutiounsstrecken ass d'CFL weiderhin direkt zoustänneg bliwwen.
Ofschafe vun de Substitutiounsstrecken Änneren
Am Joer 1995 si vun de private Busse fir den RGTR zirka 14,499 Mio km a vum CFL-Busdéngscht 763 000 km gefuer ginn. Op de Substitutiounsstrecke sinn zirka 3,368 Mio km gefuer ginn. De ganzen Undeel vum CFL um ëffentleche Busverkéier huet (ouni den TICE an AVL) deemno 27,0 % ausgemaach.
Duerch e Reglement vum 1. Juli 1996 sinn d'Substitutiounsdéngschter vun der CFL op de fréieren Eisebunnslinnen ofgeschaaft ginn. D'Busse sollte vun do un op deene Strecken agesat ginn, wou se déi bescht Leeschtung bréngen. Déi Déngschter sollten duerch Kontrakter tëscht der Regierung an de Verantwortleche vum CFL gereegelt ginn.
De 15. Mee 1996 ass vun de Regierungsmembere Mady Delvaux-Stehres (Verkéiersministesch) a Marc Fischbach (Budgetsminister) an dem CFL-Verwaltungsrotpresident Jeannot Schneider an dem CFL-Generaldirekter Robert Molitor en éischte Kontrakt ënnerzeechent ginn. De Kontrakt ass den 31. Dezember 1997 an den 31. Dezember 2000 verlängert ginn a war bis den 31. Dezember 2008 gëlteg.
50-Joerfeier Änneren
De 50. Gebuertsdag vum CFL-Busdéngscht gouf den 12. November 2002 duerch eng Séance académique a Presenz vum deemolegen Transportminister Henri Grethen a vum deemolegen CFL-Generaldirekter Alex Kremer gefeiert.
Bussen Änneren
Bus-Nr. | Zuel | Hiersteller | Typ | A Betrib geholl | Ausser Betrib geholl |
---|---|---|---|---|---|
1 - 6 | 6 | Chausson | ASH52 | 1952 | 1961, 1962, 1965 |
7 - 36 | 30 | Chausson | ASH521 | 1953 - 1957 | 1965, 1967, 1968, 1969 |
37 - 42 | 6 | Chausson-Saviem | ASH522 | 1961 | 1968, 1971 |
43 - 49 | 7 | Van Hool | 320 | 1963 | 1973 |
50 - 65 | 16 | Magirus Deutz | 150L10 | 1965, 1967 | 1973, 1975 |
66 - 73 | 8 | Saviem | S53M | 1968 | 1978 |
74 - 84 | 11 | Van Hool-Fiat | VHF 340 | 1969 | 1978 |
85 - 91 | 7 | MAN | 750 HO-V11 | 1971 | 1983 |
10 - 25 | 16 | MAN | 11-V160 | 1973 | 1977, 1983, 1984, 1985 |
26 - 32 | 7 | Van Hool | VH-DAF AI 119 | 1975 | 1986 |
33 - 42 | 10 | MAN | SU240 | 1978 | 1987 |
43 - 52 | 10 | Van Hool | VHM A 120/21 | 1978 | 1983, 1985, 1986 |
61 - 66 | 6 | Van Hool | A120-313 | 1983 | 1991, 1996 |
101 - 106 | 6 | MAN | SG 280H | 1983 | 1993 |
71 - 76 | 6 | Van Hool | A120/40 | 1984 | 1994 |
81 - 82 | 2 | Van Hool | A120/40 | 1984 | 1993 |
91 - 96 | 6 | Renault | SG 280H | 1985 | 1996, 1997 |
11 - 22 | 12 | Van Hool | A120/40-1 | 1986 | 1995, 1996 |
31 - 40 | 10 | Van Hool | A120/40-2 | 1987 | 1997, 2000 |
41 - 46 | 6 | Van Hool | A600 | 1991 | 2000 |
51 - 58 61 - 66 70 - 83 101 - 114 |
41 | Berkhof | Europa 2000NL | 1993 - 1997 | 2001 - 2007 |
11 - 17 | 7 | Renault | Ares | 2000 | 2008 |
21 - 28 | 8 | Van Hool | TG 821CL | 2001 | 2009 - 2010 |
31 - 35 | 5 | Mercedes-Benz | O530 Citaro G | 2003 | 2010 |
41 - 54 | 14 | MAN | A72 Lion's Classic SÜ313 | 2005 | 2013 |
55 | Mercedes-Benz | O530 Citaro Ü | 2009 | 2019 | |
56 - 59 | 4 | Mercedes-Benz | O530 Citaro Ü | 2006 | 2015 |
61 - 67 | 7 | Mercedes-Benz | O530 Citaro G | 2006 | 2015 |
70 - 79 | 10 | Mercedes-Benz | O550 Integro L | 2007 | 2017, 2019 |
80 - 89 | 10 | Mercedes-Benz | O550 Integro L | 2008 | 2017, 2019 |
90 - 97 | 8 | Mercedes-Benz | O550 Integro L | 2009 | 2019 |
100 - 104 | 5 | Mercedes-Benz | O550 Integro L | 2010 | 2019 |
10 - 16 | 7 | Mercedes-Benz | O530 Citaro G | 2010 | 2019,2020 |
1, 2 | 2 | Irizar | ie bus 18 m | 2019 | |
20-29 | 10 | MAN | R14 Lion's Regio C ÜL314/354/364/414 | 2013 | |
30-38 | 9 | MAN | A40 Lion's City GL NG363 | 2015, 2017 | |
40-46 | 7 | MAN | A36 Lion's City C NL363-13,7 | 2015 | |
60-64 | 5 | Volvo | 7900A Hybrid | 2019, 2020 | |
110-124 | 15 | Irizar | i4 Integral 15m | 2016 | |
130-139 | 10 | IVECO | Crossway LE Line 12m | 2019 | |
200-220 | 21 | IVECO | Crossway LE Line 14.5m | 2019 |
De Bus 33 Änneren
Deen drëtten CFL-Bus mat der Nummer 33 vun 1987 (Van Hool A120/40-2) gouf den 8. Januar 2015 vum Veräin Retrobus asbl vu Baudour op Lëtzebuerg rapatriéiert fir do an de Joren duerno vun de Veräinsmembere restauréiert ze ginn[1].
De Bus gouf 1997 vun der CFL un Autobus de Genval verkaaft. Zu Genval war en och nach zirka 10 Joer a Betrib. Duerno huet e Privatmann de Bus kaaft fir e Wunnmobil draus ze maachen, wat awer net realiséiert gouf. Déi lescht Jore stoung en nëmmen nach op enger Wiss.
Bus-Garage Änneren
De Bus-Atelier vum CFL-Busdéngscht gouf vun Ufank un zu Bouneweg an der méi nërdlecher Rotonde fir de Besoin vum Busbetrib ageriicht. De Paul Schmit war den éischte Leeder vum Atelier. De Bus-Atelier war bis 2006 an der Rotonde.
Aktuell Linnen Änneren
De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen. |
- 110 Lëtzebuerg - Iechternach
- 111 Lëtzebuerg - Iechternach via Konsdref - Bäerdref
- 112 Jonglënster - Bech - Iechternach
- 120 Lëtzebuerg - Hueschtert - Jonglënster
- 162 Lëtzebuerg - Réimech (direkt Linn)
- 175 Lëtzebuerg - Munneref - Réimech
- 176 Lëtzebuerg - Munneref - Réimech (Schoulbus)
- 192 Kierchbierg - Lëtzebuerg - Haassel
- 304 Beetebuerg - Munneref - Elleng - (Réimech)
- RGTR-Linn 307 Beetebuerg - Fenneng - Hunchereng - Näerzeng - Biergem - Steebrécken - Monnerech - Esch-Uelzecht /Beetebuerg - Fenneng - Hunchereng - Näerzeng - Biergem - Steebrécken - Féiz - Monnerech - Esch-Uelzecht
- 485 Gréiwemaacher - Waasserbëlleg - Iechternach
- 500 Ettelbréck - Dikrech - Iechternach (Nordstadbus)
- 501 Ettelbréck - Dikrech - Iechternach (Schoulbus)
- 808 Dikrech - Colmer/Usines - Biissen/Z.I.
- 968 Lëtzebuerg/Gare - Cents/I.N.S. - Lëtzebuerg/Gare (Schoulbus)
Änneren
- Déi offiziell Bezeechnung vun der CFL fir hir Buschauffere war am Ufank Conducteur-receveur sans brevet d'apprentissage de mécanicien.
- 1956 sinn 2 Bus-Unhänger (Kässbohrer) mat 29 Sëtzplazen ugeschaaft ginn, déi bis 1969 a Betrib waren. An der Remorque huet en zousätzleche Chauffer missen dra sinn.
- Vun 1982 bis 1994 war eng Depanneuse vum Typ Henschel a Betrib. Si gouf duerch eng Depanneuse vu Renault ersat.
- Am September 1983 sinn déi éischt 6 Gelenkbussen (MAN Typ SG 280H) mat 137 Sëtzplazen a Betrib geholl ginn.
- 1993 huet d'AVL dem CFL-Busdéngscht 3 MAN Gelenkbussen (Typ SG 280H) ofkaaft. well den AVL Atelier zu Hollerech mat enger ganz Rëtsch Bussen engem Feier zum Affer gefall war.
Literatur Änneren
- Syprolux, 2002, 50 Joer CFL-Bus (1952-2002), 248 S., Imprimerie Saint-Paul, Luxembourg
Kuckt och Änneren
Um Spaweck Änneren
Commons: CFL-Busdéngscht – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen Änneren
- ↑ Ehemaliger CFL-Bus 33 kehrt nach Luxemburg zurück op wort.lu 10.01.2015 07:00