Herzogtum Limburg

Staat am Hellege Réimesche Räich
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Herzogtum Limburg. Fir aner Entitéite mat deem Numm, kuckt wgl. Limburg.

D'Herzogtum Limburg war e Staat am Hellege Réimesche Räich. E louch tëscht der Meuse an der fräier Räichsstaat Oochen, gréisser Stied ware Limburg an Eupen. Nopere waren d'Prënzbistum Léck am Westen, d'Fürstentum Stavelot-Malmedy an d'Grofschaft Lëtzebuerg am Süden, an d'Herzogtum Jülich am Osten.

Wopen
Lag

Et ass ëm 1020 als Grofschaft Limburg entstanen, mat de Grofe vu Limburg, déi an der Buerg Limburg hire Sëtz haten. 1100 gouf et en Herzogtum. 1283 ass, mam Doud vum Walram IV., dee keng männlech Nofollger hat, d'Linn am Haus Limburg ausgestuerwen. Et koum zum Sträit tëscht zwee méiglechen Ierwen, deen an der Schluecht vu Worringen (1288) säin Héichpunkt hat. Als Suite vun där Schluecht ass d'Herzogtum Limburg un d'Herzoge vu Brabant gefall, déi et a Personalunioun regéiert hunn.

Méi spéit gouf d'Herzogtum Limburg als eng vun de Siwwenzéng Provënze vun de Burgundeschen Nidderlande gezielt, ouni awer den Titel "Herzogtum" ze verléieren (déi verschidden Hergzogtümer, Grofschaften, asw. si, vun der Zentralverwaltung vum nidderlänneschen Ensembel, dee kee Staat war, mee nëmmen eng Zort labber Konfederatioun, als "Provënze" bezeechent ginn).

Duerch Ierfschaft koumen déi Burgundesch Nidderlande bei den Herrscher vu Spuenien, deen dem Haus Habsburg ugehéert huet. Nom Achtzegjärege Krich tëscht Spuenien an dem rebelleschen Norden, aus deem déi onofhängeg Republik vun de Vereenegte Provënzen entstoung, konnt Spuenien nach just de kathoulesche Süde behalen, mat - ë. a. - dem Herzogtum Limburg, deen ëmmer nach formell a Personalunioun mam Herzogtum Brabant stoung.

Nom Spueneschen Ierffollegkrich (dee leschte Herrscher vun der spuenescher Linn war ouni männlechen Ierwe gestuerwen, a Frankräich hat sech - mat Erfolleg! - zu Wuert gemellt) an den Traitéë vun Utrecht a vu Rastatt (1713/14), huet d'Herzogtum Limburg sech, grad wéi och déi aner südlech "Provënzen", op der Säit vun den éisträicheschen Habsburger erëmfonnt. An deem Kontext ass d'Herzogtum Limburg no an no mat de klengen Nopeschterritoirë vun Dahlem, Valkenburg (Fauquemont) an Hertogenrade (Rolduc) zu enger administrativer Eenheet oder "Provënz", zesumegeluecht ginn (vgl. Pays d'Outremeuse!).

No der gescheiterter Brabanter Revolutioun (1789), war et du geschwënn eriwwer mam Herzogtum, well et gouf 1793/94, mam Rescht vun den Éisträicheschen Nidderlanden a mat den onofhängege Gebidder vum Prënzbistum Léck, vun der Fürstabtei Stavelot-Malmedy a vum Herzogtum Bouillon, vu revolutionäre franséischen Truppe besat an u Frankräich, dat departementaliséiert gi war, annektéiert.

Ausbléck

änneren

Nom Wiener Kongress gouf de gréissten Deel vum Territoire vum fréieren Herzogtum Limburg en Deel vun de Vereenegten Nidderlanden. Eng nei geschafen administrativ Eenheet, d'Provënz Limburg, krut zwart deen Numm, war awer méi grouss wéi d'Herzogtum, an d'Stad Limbourg selwer war och net an där Provënz. No der Belscher Revolutioun gouf d'Provënz, wéi och d'Groussherzogtum Lëtzebuerg, tëscht der nei geschafener Belsch an dem Kinnekräich vun den Nidderlande gedeelt.

De Kéis Limburger kënnt ursprénglech aus där Géigend; en ass hautdesdaags lokal als Fromage de Herve bekannt.