Dësen Artikel beschäftegt sech mat der historescher Géigend Brabant. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Brabant (Homonymie).

De Brabant ass eng historesch Géigend, an der haiteger Belsch an an Holland.

Ëm 870 war de Brabant a véier Deeler opgedeelt. D'Grofschaft Eenham an de Wallounesche Brabant, goufen 883 vum flämesche Grof Baudouin de Plakkapp zur Grofschaft Flandern vereent, an d'Grofschaft Bréissel déi sech am 11. Joerhonnert mat der Grofschaft Léiwen, zesummegedoen huet, fir d'Herzogtum Brabant ze ginn, mat un der Spëtz, den deemolege Grof vu Léiwen.

1430 koum de Brabant an d'Hänn vum Philippe de Gudden an duerno, 1477, zesumme mat all de burgundesche Proprietéiten nërdlech vum deemolege Frankräich, duerch d'Bestietnes vun der Marie de Bourgogne mam zukünftege Keeser Maximilian vun Habsburg, an d'Hänn vum Haus Habsburg. 1609 hunn déi spuenesch Habsburger de Vereenegte Provënzen ë. a. den nërdlechen Deel vum Brabant missen oftrieden. Beim Traité vun Utrecht 1713, kruten déi éisträichesch Habsburger de südlechen Deel vum Brabant, zesumme mat all deem, wat virdrunn der spuenescher Linn vun den Habsburger an de südlechen Nidderlande gehéiert hat.

An der Zäit vun der franséischer Revolutioun a vum Premier Empire huet en zu Frankräich gehéiert, a koum 1815 an d'Hänn vum Vereenegte Kinnekräich vun den Nidderlanden, fir 1830 nees eng Kéier gespléckt ze ginn, woubäi de südlechen Deel als Provënz Brabant bei d'Belsch geprafft gouf, an den Norden als Provënz Nordbrabant bei Holland blouf.

Déi belsch Provënz gouf 1995 nach eng Kéier opgedeelt an d'Provënze Flämeschen a Wallounesche Brabant, woubäi och nach en Deel an d'Haaptstadregioun Bréissel koum.