Generalstänn

Wikimedia-Homonymiesäit
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Dëst Lemma huet méi wéi eng Bedeitung. Hei drënner stinn déi Artikelen, déi et fir déi verschidde Bedeitunge gëtt. Fir méi Informatiounen, liest wgl. den Artikel iwwer d'Homonymie an der Wikipedia.

D'Generalstänn oder je no Land och Generalstaaten, oder a wéi a Frankräich États généraux, an Holland Staten-Generaal oder zu Lëtzebuerg Assemblée des États gouf et Stännversammlungen, fir dem Herrscher a verschidde Situatioune bäizestoen. A verschiddene Länner ware s'an der Zäit no der franséischer Revolutioun déi s'a Frankräich ofgeschaaft hat a mat der Nationalversammlung ersat hut, an de Constitutioune verankert.

Fir eng Iwwersiicht sinn déi verschidde Generalstänn hei de Länner no opgezielt.

Frankräich änneren

Holland a Lëtzebuerg änneren

Zu Lëtzebuerg sinn d'd'Stänn méi spéit entstane wéi an den Nopeschlänner. Vum 14. Joerhonnert un hunn de Jang de Blannen a seng Nofollger d'Ritter an d'Vertrieder vun de Stied a vum Klerus zesummegeruff fir wichteg Akten ze garantéieren oder fir Hëllef oder Duen ze kréien. Den Numm États daucht awer eréischt ënner der Herrschaft vun de Burgunder op.

D'États du duché de Luxembourg, comté de Chiny hu bis 1795 funktionéiert, a goufen du vum franséische Revolutiounsregime ofgeschaaft.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Generalstänn zu Lëtzebuerg.

D'Iddi souwéi d'Andeelung vun der Bevëlkerung an dräi Stänn hunn awer plazeweis d'Franséisch Revolutioun an den Napoleonszäitalter iwwerlieft. Am Groussherzotum Lëtzebuerg dat 1815 um Wiener Kongress geschafe gouf, gouf et nees Stänn (Provënzialstänn), an zwar mat jeeweils 20 Membere fir den Adel, fir d'Vertriedung vun de Stied a fir d'Vertriedung vum Land ("campagne"). Och d'Kinnekräich vun de vereenegten Nidderlanden, mat deem Lëtzebuerg a Personalunioun stoung, hat nees Stänn, ganz uewen och nees Generalstänn[1].

Russland änneren

Literatur änneren

  • F. Garrison, Histoire du droit et des institutions - Le pouvoir des temps féodaux à la Révolution; Paräis (éd. Montchrestien), 1977.
  • John Gilissen, Le régime représentatif avant 1790 en Belgique; Bréissel (La Renaissance du Livre), 1952.
  • M.-N.-J.Leclerq, Coutumes des Pays, Duché de Luxembourg et Comté de Chiny, Bréissel 1869.

Referenzen änneren

  1. Calmes, Albert, Naissance et débuts du Grand-Duché 1814-1830 - Le Grand-Duché de Luxembourg dans le Royaume des Pays-Bas; Lëtzebuerg, Sankt Paulus, 1971 [= Neioplo vun engem Wierk, dat 1932 zu Bréissel erauskomm war]; Kapitel VII: États provinciaux et États généraux