Haaptmenü opmaachen
Qsicon Ueberarbeiten.png Dësen Artikel entsprécht net de Wikipediacritèrë fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipediaartikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn.
Grond: Redundanzen, etc.
Flag of the Brabantine Revolution.svg

D'Vereenegt belsch Staaten (fr: États belgiques unis oder États unis belgiques; nl: Verenigde Nederlandse Staten oder Verenigde Belgische Staten) waren eng federativ Republik, déi 1790 aus der sougenannter Brabanter Revolutioun ervirgoung.

Déi Revolutioun, déi sech zanter 1787 ugekënnegt hat, huet 1789/90 den Ensembel vun den Éisträicheschen Nidderlande betraff, mat Ausnam vum Herzogtum Lëtzebuerg.

VirgeschichtÄnneren

De Keeser Jousef II. hat laang ëmmer erëm nei zentralistesch a laizistesch Reforme lancéiert, déi a senge villen Herrschaftsgebidder op wéineg Versteesdemech gestouss waren, sou och an de Principautéite vun de südlechen Nidderlanden, déi zanter de Verträg vu 1713 zur éisträichescher Linn vum Haus Habsburg gehéiert hunn: d'Provënzialstänn (fr: états provinciaux), déi normalerweis ze consultéiere waren, hu sech vum keeserlechen Zentralismus iwwergaange gefillt. 1789 koum et dunn zu Bréissel (Brabant) zu enger Revolutioun, déi sech bal iwwerall an den Éisträicheschen Nidderlanden ausgebreet huet.

Turnhout 1789Änneren

D'éisträichesch Truppen ënner dem Generolmajouer von Schröder goufen de 27. Oktober 1789 vum Colonnell Van Mersch sengen opstännegen Truppe bei der Schluecht vun Turnhout geschloen, an déi hu sech an d'Festung Lëtzebuerg an op Tréier zréckgezunn. Just d'Festung Antwerpen blouf besat an déi éisträichesch Garnisoun huet Antwerpen eréischt no engem Kontrakt am Mäerz 1790, geraumt.

Dat ass een Deel vun der Erklärung, firwat d'Herzogtum Lëtzebuerg sech aus der Brabanter Revolutioun eraushale konnt, respektiv erausgehale gouf; deen aneren Deel huet mat enger gewësser Dynastietrei vun de Lëtzebuerger ze dinn an och mat der Tatsaach, datt eis Virfuere mat enger Rei vum Jousef II. senge Reformen éischter liewe konnten, wéi déi aner Populatioune vun den Éisträicheschen Nidderlanden. Am kierchlech-reliéise Beräich, z. B., war d'Gebitt vum deemolege Lëtzebuerger Land schonn ëmmer op verschidden auslännesch Bëscheef verdeelt gewiescht (Tréier, Metz, Léck, Köln, asw.), an d'Lëtzebuerger, déi deemno keen eegene Bëschof haten, waren eebe méi gewinnt, munneches vu baussen a vun uewen imposéiert ze kréien.

D'Brabanter Revolutioun, déi vu Progressisten ("Demokraten") ronderëm dem Affekot Jean-François Vonck (1743-1792) ausgeléisst gi war, déi géint dem Jousef II. säin Despotismus waren, och wa si mat ville vu senge Reformen averstane waren, gouf paradoxerweis séier vun den Unhänger vun den ale Privilegie vun de Provënzialstänn ("Statiste" genannt) rondrëm dem Affekot Hendrik van der Noot (1731-1827) recupéréiert a krut deemno eng reaktionär a klerikal Ausriichtung. Nodeem jiddwer Principautéit - och nach "Provënz" genannt - hir Onofhängegkeet ausgeruff hat, mat Ausnam vum Herzogtum Lëtzebuerg, gouf den 11. Januar 1790 zu Bréissel een Uniounsvertrag tëscht de Provënzen ënnerschriwwen a kuerz drop eng Republik proklaméiert, déi nom nordamerikanesche Modell vu 1777 États belgiques unis, respektiv - am flämesch-brabanter Dialekt vun där Zäit - Vereenigde Nederlandsche Staeten genannt gouf.

Et war och zur Wal vun engem "souveräne Kongress" komm, mä de Provënzpartikularissem huet d'Bildung vun enger Zentralregéierong, déi staark genuch war, fir Neel mat Käpp ze maachen a fir eng Restauratioun vum éisträichesche Regime ze verhënneren, onméiglech gemaach. Sou koum et, datt d'Brabanter Revolutioun relativ séier liquidéiert konnt ginn: si ass am Sträit ënnergaangen an a sech zesummegebrach, an d'éisträichesch Truppen, déi no der Reichenbacher Konventioun de Réck vun de Goussmuechte gestäipt haten hu sech ënner dem Kommando vum Feldmarschall von Bender, op de Wee an d'Belsch gemaach a konnten zimmlech séier bei der Schluecht vu Falmagne déi belsch Revolutiounstruppen ënner dem Kommando vum briteschen Offizéier George Koehler an dem Barong vu Schönfeld, Meeschter ginn a sou den éisträichesche Regime nees asetzen. Mä d'Restauratioun vum éisträichesche Regime huet net laang gedauert, d'Franséisch Revolutiountruppen sinn am November 1792 ënner dem Kommando vum Generol Dumouriez an d'Nidderlanden agefall an hunn no der Schluecht vu Jemappes déi keeserlech Truppe bis op d'Roer zréckgedréckt.


LiteraturÄnneren

  • Xavier Mabille, Histoire politique de la Belgique - Facteurs et acteurs de changement ; Bréissel, Verlag vum C.R.I.S.P., 1986 (= 1. Oplo).
  • Henri Pirenne & Jérôme Vercruysse, Les États Belgiques Unis - Histoire de la révolution belge (sic!) de 1789-1790 ; Paräis & Louvain-la-Neuve, Verlag Duculot, 1992.
  • John Gilissen, Le régime représentatif avant 1790 en Belgique ; Bréissel, Verlag La Renaissance du Livre, Kollektioun Notre Passé, 1952; Ss. 123-130.
  • Gilbert Trausch, Les Habsbourg, incarnation de l'Empire au Luxembourg à la fin du XVIIIe siècle: fidélité dynastique et manque de conscience impériale ; in: Études sur le XVIIIe siècle, Bd. XV, Bréissel (ULB), 1988; Ss. 133-148.
  • Hervé Douxchamps, Le Grand-Duc de la Belgique ; in: Le Parchemin - Bulletin bimestriel édité par l'Office généalogique et héraldique de Belgique, 58. Joer, Nr. 286 (Juli-August 1993); Ss. 218-235.
  • Edouard Marc Kayser, Du Grand-Duché de Belgique mort-né au Grand-Duché de Luxembourg partagé - Aspects méconnus du passé belgo-luxembourgeois de la fin de l'Ancien Régime au milieu du XIXe siècle ; in: récré 10 (1994); Dikrech, Publikatioune vun der APESS; Ss. 169-188.

Um SpaweckÄnneren