Haaptmenü opmaachen

D'École privée Notre-Dame Sainte-Sophie, meeschtens einfach Sainte-Sophie genannt, ass eng lëtzebuergesch Privatschoul um Weimeschhaff.

Historique vun der SchoulÄnneren

 
Dat fréiert Klouschter

17. bis Mëtt 20. JoerhonnertÄnneren

  • 1808 koumen d'Schwësteren zréck op Lëtzebuerg an hunn am September hir Schoul nees opgemaach. E Pensionnat fir Meedercher koum bei d'Schoul dobäi.
  • 1810 installéiert d'Kongregatioun sech am fréiere Refuge vun de Benediktiner vu Münster, am Haus Gerden, an der rue de la Trinité (haut rue de la Congrégation).
  • Am Laf vum 19. an am Ufank vum 20. Joerhonnert gouf d'Schoul ausgebaut. Bei d'Primaire-Schoul koumen dobäi:
    • 1835 eng Schoul fir d'Ausbildung fir Aarbechterinnen (École ouvrière);
    • 1845 eng École normale (spéider Cours supérieurs genannt), mat Pensionnat, fir d'Ausbildung vu Léierinnen;
    • 1863 eng Oberprimaire-Schoul (École primaire supérieure);
    • 1915 eng Secondaire-Schoul (École d'enseignement moyen) fir Meedercher, mat engem Schoulprogramm dee konform war mat deem vun de staatleche Meedercheslycéeën. 1917 hunn déi éischt Meedercher aus der Sainte-Sophie hire Premières-Exame gemaach.

Vum Zweete Weltkrich bis hautÄnneren

  • Am September 1944, no der Liberatioun, hunn d'Primaire- an d'Secondaireschoulen hir Dieren nees opgemaach. Déi aner Course goufen net méi ugebueden.
  • 1950 koum de Cours Alix dobäi, mat enger Ausbildung an der Haushaltskunde (enseignement ménager) an dem Commerce (formation commerciale). De Cours Alix huet bis 1965 bestanen.
  • 1972 ass d'Sainte-Sophie an dat neit Gebai op de Weimeschhaff geplënnert.
  • 1979 gouf d'Mixitéit an der Schoul agefouert.
  • 1982 huet d'Schoul eng Konventioun mam Staat ënnerschriwwen op der Basis vum Gesetz vum selwechte Joer (Loi du 31 mai 1982 sur les relations entre l'État et l'enseignement postprimaire privé).
  • 1987 gouf den Enseignement secondaire technique an der Schoul agefouert.
  • 1998 hunn d'Schwësteren zesumme mat der Schoul-Communautéit de 400. Anniversaire vun der Grënnung vun der Congrégation Notre-Dame gefeiert.
  • 1999 bis 2001 gouf d'Schoulgebai um Weimeschhaff eng éischt Kéier ausgebaut: ënner anerem koumen 13 Klassesäll a Spezialsäll dobäi.
  • 2005 krut d'Schoul eng Charte scolaire.
  • 2007 ass d'École française, mat enger Section élementaire an enger Section maternelle, opgaangen. Datselwecht Joer hunn d'Schwësteren opgehalen an der Schoul z'enseignéieren.
  • 2009 gouf e neie Fligel ageweit, mat 15 Klassesäll fir déi lëtzebuergesch a franséisch Primaire-Schoulen.[3]

QuellenÄnneren

  • Édouard Molitor, 1977. 350 Jahre Kongregation Unserer Lieben Frau (Sainte Sophie). Luxemburger Wort 236 (1977), S. 7.
  • Paul Margue, 1979. La Congrégation Notre-Dame 1627-1977. Aperçu historique. Écho de Sainte-Sophie (1979), S. 22-30.
  • Gilles Sibenaler, 2009. Neuer Gebäudeflügel der "Ecole privée Notre-Dame" (Sainte-Sophie). Luxemburger Wort, 5. Dezember 2009, S. 25.

Kuckt ochÄnneren

Um SpaweckÄnneren

Referenzen an NottenÄnneren

  1. Chanoinesses Régulières de St-Augustin de la Congrégation de Notre-Dame
  2. Paul Margue 1979
  3. G. Sibenaler, LW 5. Dezember 2009, S. 25.