Beatrice-M.-Tinsley-Präis

D'American Astronomical Society gëtt all zwee Joer de Beatrice-M.-Tinsley-Präis eraus. De Präis ass fir grouss Fuerschungen an der Astronomie oder an der Astrophysik, déi vun aussergewéinlecher kreativer oder innovativer Aart sinn. De Präis ass no der Kosmologin an Astronomin Beatrice Tinsley benannt.

Gewënner vum Tinsley-Präis änneren

Joer Präisdréier Begrënnung
1986   Jocelyn Bell Burnell Entdeckerin vum éischte Pulsar
1988   Harold I. Ewen
  Edward Mills Purcell
Entdecker vun der 21cm-Linn vum atomare Waasserstoff
1990   Antoine Labeyrie Huet d'Speckle-Interferometrie erfonnt
1992   Robert Henry Dicke Huet de Lock-in-Verstäerker erfonnt
1994   Raymond Davis junior Erfinder vun Neutrinodetekteren, éischt Miessung vu solaren Neutrinoen
1996   Aleksander Wolszczan Entdecker vum éischte Pulsarplanéit
1998   Robert E. Williams Spektroskopie, besonnesch a Gaswolleken
2000   Charles R. Alcock Sich no masseräichen a kompakten Objeten a galakteschen Haloen
2002   Geoffrey Marcy
  USA R. Paul Butler
  USA Steven Vogt
Entwéckler vun ultra-héichopléisender Dopplerspektroskopie, an Entdecker vu villen extrasolare Planéiten duerch Miessunge vun der Radialvitess
2004   Ronald J. Reynolds Studie vum interstellare Medium
2006   John E. Carlstrom Erfuerschung vum kosmesche Mikrowellenhannerergrond mat Hëllef vum Sunjajew-Seldowitsch-Effekt
2008   Mark Reid Fir Prezisiouns-Astrometrie-Experimenter mam VLBI a mam VLBA a Pionéieraarbechte fir de Gebrauch vu kosmesche Maseren an der Astronomie. Seng Fuerschungen an der Radioastronomie hunn zum bessere Verstoe vu Regioune mat Stäregebuerte geféiert an hunn d'Ofstandsmiessunge an der Lokaler Grupp verbessert.
2010   Drake Deming Fir d'Entdeckung vun thermescher Infrarout-Stralung vun Exoplanéite mam Spitzer-Weltraumteleskop
2012 Ronald L. Gilliland Fir Time-domain-Fotometrie mat héijer Signal-zu-Rausch-Stellung.
2014   Chris Lintott Fir d'Generéierung vun engem transformativen Zougank zu de Naturwëssenschaften duerch Abezéiung vun Net-Wëssenschaftler an der Spëtzefuerschung
2016 Andrew Gould Fir seng Entwécklung vu Gravitatiouns-Mikrolënsen.
2018 Julianne Dalcanton Fir hir bunnbriechend Verwendung vu groussen Ëmfroe fir d'Ënnersich vu Galaxie mat klenger Uewerflächenhellegkeet an hirer Féierung bei der Entwécklung vum Hubble Space

Um Spaweck änneren