Particle physics stub.svg Dëse Physiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

En Neutrino ass een elektresch neutraalt Elementardeelche mat enger ganz klenger Mass. Am Standardmodell vun der Elementardeelchephysik existéieren dräi Neutrinoen: den Elektron-Neutrino, de Myon-Neutrino an den Tau-Neutrino. Den Numm „Neutrino“ gouf vum Enrico Fermi proposéiert fir den Elektron-Neutrino, dee fir d'éischt entdeckt gouf, a bedeit (no der italieenescher Verklengerunsform -ino) „klengen Neutron“.

Wann Neutrinoe mat Matière zesummestoussen, interagéiere se - anescht wéi déi aner bekannten Elementardeelercher - nëmmen iwwer d'Schwaach Wiesselwierkung. E Stroum vun Neutrinoe geet dohier bal ouni ofgeschwächt ze ginn duerch grouss Schichtdéckten - z. B. duerch d'Äerd. Deemno ass et schwiereg Neutrinoen experimentell nozeweisen.

Neutrinoe goufen vum Wolfgang Pauli proposeiert, fier den kontinueierleche Verlaaf vum radioaktiven Beta-Zerfall ze erklären. D'Conservatioun vun Energie geif bei engem rengen Zwee-Kierper Zerfall fierschreiwen, dat den Electron eng präzis defineiert Energie muss hun. Observeiert gouf awer, en kontinueierleche Spektrum. Des Diskrepanz konnt just durch en drett, nach onentdeckt Deelche erklärt ginn, den Neutrino.

NeutrinomassÄnneren

Am Standardmodell vun der Elementardeelchephysik sinn dei dräi Neutrinoen ouni Mass. Experimentell konnten bis elo och just Limiten op der Mass gesat ginn. Den Noweis vun der Mass gouf durch den Noweis vun Neutrinooszillatioun (Nobelpräis 2015) erbruecht. Déi genau Valeur vun der Neutrinomass hued Afloss op verschidden Themen an der Physik an gett doweinst och weiderhin erfuerscht, enner aanerem vum Experiment KATRIN (Karlsruhe Tritium Neutrino Experiment) zu Karlsruhe.

Eng weider Fro bei der Neutrinomass ass dei vun der Massuerdnung. Och wenn aus der Neutrinooszillatioun d'Differenz teschend de Massen bestemmt konnt ginn, sou konnt bis elo nach keen Experiment bestemmen, wéi déi dräi Mass-Eegezoustänn par Rapport zu eneen op der Massskala leien.