Jocelyn Bell Burnell

brittesch Radioastronomin

D'Dame Susan Jocelyn Bell Burnell, gebuer de 15. Juli 1943 zu Belfast, Nordirland als Susan Jocelyn Bell ass eng brittesch Radioastronomin.

Jocelyn Bell Burnell
Gebuertsnumm Susan Jocelyn Bell Burnell
Gebuer 15. Juli 1943
Belfast
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Educatioun Universtéit vu Glasgow
Aktivitéit Astronom, Astrophysiker, Physiker
Member vun National Academy of Sciences, Royal Astronomical Society, International Astronomesch Unioun, American Astronomical Society, American Philosophical Society, American Academy of Arts and Sciences, Royal Society
Diagramm, op deem d'Burnell éischt Beweiser fir e Pulsar erkannt huet. Den Diagramm ass an der Bibliothéik vun der Cambridge University ausgestallt.

D'Jocelyn Bell hat op der Universitéit Glasgow studéiert an huet no hirem Diplom 1965 bei den Antony Hewish op Cambridge gewiesselt. Bei der Auswäertung vun den Date vun den 1967 fäerdeggestallte Radioteleskoparrays sinn hir e puer Signaler opgefall, déi si kosmesche Kierper zougedeelt huet, et war d'Entdeckung vum éischte Pulsar PSR B1919+21.

No hirer Hochzäit mat engem Regierungsbeamten 1968, am Joer vun hirer Promotioun, wiesselt si an de Mullard Laboratoire fir Weltraumwëssenschaft op Southampton, fir an der Géigend vun hirem Mann ze sinn. Si huet zanter 1991 d'Professur fir Physik op der Open University an England.

D'Bell Burnell gouf 1974 net beim Nobelpräis fir Physik, deen un den Anthony Hewish goung ausgezeechent, wat an der wëssenschaftlecher Ëffentlechkeet zu heftege Kontroverse gefouert huet. Am Géigesaz war si ee Joer virdrun (1973) nach zesumme mam Hewish mat der Michelson-Medail vum Franklin-Institut zu Philadelphia ausgezeechent ginn. Zanter 2003 ass si Member vun der Royal Society, an am Juni 2007 gouf si duerch d'Kinnigin Elizabeth II. als Dame Commander of the Order of the British Empire ausgezeechent an ass domat an de perséinlechen Adelsstand erhuewe ginn.

Auszeechnungen änneren

Literatur änneren

  • (en) Sally Montgomery, Louise Hickey (Ill.): Irish Scientists and Inventors: Jocelyn Bell Burnell. Blackstaff Press Ltd, 1995, ISBN 0-85640-554-X
  • (en) Maurice Riordan, Jocelyn Bell Burnell: Dark Matter: Poems of Space. Calouste Gulbenkian Foundation, 2008, ISBN 978-1-903080-10-8