Pulsarplanéite sinn Exoplanéiten, déi Pulsaren oder Neutronestären ëmkreesen. Deen éischte vun dëse Planéite gouf ëm ee Millisekonnepulsar entdeckt a war och deen éischten Exoplanéit, deen entdeckt gouf. Pulsarplanéite gi mat der Pulsar-Timing-Method fonnt, also iwwer Anomalië vun der Pulsperiod. All Himmelskierper, déi ëm ee Pulsar kreesen, verursaache reegelméisseg Ännerunge vun der Pulsperiod. Well Pulsare mat enger konstanter Vitess rotéieren, kënnen Ofwäichunge relativ einfach mat geneeë Moossmethode festgestallt ginn.

Eng kënschtleresch Duerstellung vum Planéitesystem vum PSR B1257+12.

2006 gouf entdeckt, datt de Pulsar 4U 0142+61, 13.000 Liichtjoer vun der Äerd ewech läit, an eng protoplanetar Scheif huet. D'Entdeckung gouf vun engem Team vum Massachusetts Institute of Technology ënner der Leedung vum Deepto Chakrabarty a mat Hëllef vum Spitzer-Weltraumteleskop gemaach.

D'Scheif entstoung méiglecherweis aus metallräichen Oflagerunge vun enger Supernova, déi de Pulsar virun zirka 100.000 Joer gebilt hat. Si gläicht deenen, déi ëm sonnenänlech Stären ze fanne sinn, wat unhuele léisst, datt och änlech Planéiten entstinn. Pulsarplanéite kënne warscheinlech kee Liewen ervirbréngen, wéi mir et kennen, well den héije Grad vu ioniséierender Stralung, déi de Pulsar ofstraalt, an de Manko vu visuellem Liicht deen derzou gehéiert, all bekannt Form vu Liewen onméiglech mécht.

Lëscht vu bekannte Pulsarplanéiten änneren

Bemierkung: MJ ass d'Mass vum Jupiter, an ME d'Mass vun der Äerd.

Bestätegt Planéiten änneren

Pulsar Planéit Mass
PSR B1620-26 PSR B1620-26c 2.5 MJ
PSR B1257+12 PSR B1257+12 A 0.020 ME
PSR B1257+12 B 4.3 ME
PSR B1257+12 C 3.90 ME
PSR B1257+12 D 0.0004 ME

Onbestëmmt Planéiten änneren

Pulsar Planéit Mass
Geminga Geminga b 1.7 ME
PSR B0329+54 PSR B0329+54 A 0.3 ME
PSR B0329+54 B 2.2 ME
PSR B1828-10 PSR B1828-10 A 3 ME
PSR B1828-10 B 12 ME
PSR B1828-10 C 8 ME

Proplyds änneren

Pulsar Proplyd
4U 0142+61 4U 0142+61's Proplyd

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie