Antoine Émile Henry Labeyrie
Den Antoine Émile Henry Labeyrie, gebuer 12. Mee 1943 zu Paräis, ass e franséischen Astronom.
Antoine Émile Henry Labeyrie | |
---|---|
Gebuer |
12. Mee 1943 Paräis |
Nationalitéit | Frankräich |
Aktivitéit | Astronom, Ingenieur, Professer |
Member vun | Académie des sciences, Academia Europaea, International Astronomesch Unioun |
De Labeyrie hat 1966 säin Ingenieurstudium an der École supérieure d'optique, ofgeschloss, a krut 1970 den Doktorgrad. Hien ass Professer am Collège de France. Säi Laboratoire fir Interferometrie vu Stären an Exoplanéiten (Laboratoire d'Interférométrie Stellaire et Exo-planétaire, LISE) ass am Observatoire de Haute-Provence integréiert.
D'Fuerschungsgebitt vum Labeyrie ass d'Optik, besonnesch um Gebitt vun den Interferometrietechniken. Hien huet d'Speckle-Interferometrie entwéckelt. Am Ament schafft hien um Konzept vun engem „Hyperteleskop“ (och Exo Earth Imager), en Interferometer deen eng Flott vu Weltraumteleskope kombinéiert a grouss genuch ass fir prinzipiell Strukturen op Exoplanéiten opléisen ze kënnen.
Auszeechnungen
änneren- 1990 Beatrice-M.-Tinsley-Präis
- Den Asteroid Labeyrie ass no him genannt
Um Spaweck
änneren- Artikel iwwer den Hyperteleskop (Telepolis)
- (en) Publikatioun iwwer Hyperteleskopen (Interferometer "using densified pupil beam combiners")
- (en) Artikel iwwer den Hyperteleskop