Beatrice Tinsley

neiséilännesch Astronomin

D'Beatrice Muriel Hill Tinsley, gebuer de 27. Januar 1941 zu Chester, England, a gestuerwen den 23. Mäerz 1981, war eng neiséilännesch Astronomin a Kosmologin.

Beatrice Tinsley
Gebuertsnumm Beatrice Muriel Hill
Gebuer 27. Januar 1941
Chester
Gestuerwen 23. Mäerz 1981
New Haven
Nationalitéit USA
Educatioun Universitéit vu Canterbury,
University of Texas
Aktivitéit Astronom, Universitéitsprofesser
Famill
Bestuet mat Brian Tinsley
Papp Edward Hill

D'Beatrice gouf an England als Duechter vum Edward Hill a senger Fra Jean Morton gebuer. 1946 ass d'Famill an Neiséiland geplënnert. Vun 1958 bis 1963 huet si Physik a Mathematik op der Universitéit Canterbury studéiert.[1] 1961 ass si mam Physiker Brian Alfred Tinsley bestuet ginn. 1963 sinn si op Dallas (Texas) geplënnert, wou de Brian Tinsley eng Aarbechtsplaz krut. D'Beatrice Tinsley huet sengersäits en Astronomiestudium op der Universitéit vun Texas (Austin) ugefaangen, an huet hei 1966 mat dem Doktorgrad ofgeschloss. Ënner schwierege Beschäftegungsverhältnesser huet si hir Fuerschunge weider gedriwwe bis si 1975 op d'Yale University gaangen ass an do 1978 als éischt Fra Astronomieprofesser gouf. Ufanks 1978 goufen éischt Unzeeche vun enger Kriibserkrankung diagnostizéiert, wouru si den 23. Mäerz 1981 gestuerwen ass.

Si huet sech haaptsächlech mat Fuerschungen iwwer Stärenentwécklung beschäftegt, weider iwwer de Gasgehalt an der Heefegkeet vu schwéieren Elementer an de Galaxien.

Auszeechnungen

änneren

Um Spaweck

änneren

Referenzen

änneren
  1. (en)Beatrice M. Tinsley, Theory of the crystal field in neodymium magnesium nitrate. (1962). Gekuckt de(n) 11.05.2023.