Dëse Geographiesartikel iwwer d' Belsch ass eréischt eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Banneux ass e klengt Duerf an den Ardennen an der Belsch a gehéiert zur Gemeng Sprimont, am Nordoste vu Léck, an der Noperschaft vu Pepinster a Spa. Banneux ass bekannt gi wéinst den Erscheinunge vun der Muttergottes. Dowéinst ass dës Uertschaft eng Pilgerplaz ginn.

Banneux
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Léck
Arrondissement Léck
Gemeng Sprimont
Koordinaten 50°32'16"N, 5°44'24"O
Postcode 4141
Kierch vu Banneux
Skulptur am Ufank vun der Allée Bernadette
Een ëmgebaute Bauerenhaff als Ënnerdaach fir Pilger

Apparitioun vun der Muttergottes änneren

Zu Banneux huet d'Famill Beco gewunnt. De 25. Mäerz 1921 ass hir Duechter Mariette op d'Welt komm. Tëscht dem 25. Januar an dem 2. Mäerz 1933 soll hatt 8 Apparitioune vun der Muttergottes gehat hunn.

Als Folleg gouf do déi Kleng Kapell gebaut an ageweit. Dëst war den Ufank vu Pilgerpressiounen op Banneux. Offiziell unerkannt gouf d'Pilgerplaz Banneux den 22. August 1949 vum Mgr. Kerkhofs, Bëschof vu Léck, a gëtt duerno 1952 och vum Vatikan unerkannt.

1985 huet de Poopst Jean-Paul II Banneux besicht.

Kuckeswärtes an der Géigend änneren

  • De Fort de Tancremont
  • D'Kapell vum Sanctuaire du Vieux Bon Dieu zu Tancremont
  • Zu Sprimont de Musée du Train vicinal

E puer Biller vum Sanctuaire zu Tancremont änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Banneux – Biller, Videoen oder Audiodateien


Kathoulesch Muttergottes-Pilgerplazen an Europa
Lëtzebuerg: Lëtzebuerg - Stadgronn - Wolz - Léiffrächen - Giischterklaus - Veianer Bildchen - Heeschbreger Bildchen
Belsch: Banneux - Beauraing - Foy-Notre-Dame - Moresnet-Chapelle - Werpin
Frankräich: Lourdes - Avioth - Bonne-Fontaine - Monléon-Magnoac - Notre Dame du Puy Rachat - Notre-Dame de La Salette - Schwaarz Muttergottes vu Rocamadour
International: Fátima - Einsiedeln - Montserrat - Altötting - Kevelaer - Loreto - Mariazell - Tschenstochau - Covadonga
Pilgerplaze fir Sportler: Notre-Dame des Cyclistes (F) - Notre-Dame de la Course Landaise (F) - Notre-Dame-du-Rugby (F) - Chèvremont (B) - Nuestra Señora de Dorleta (Es) - Madonna del Ghisallo (It)