Heeschbreger Bildchen

Bemierkenswäerte Bam an Madonnepilgeruert zu Heeschbreg

D'Heeschbreger Bildchen ass e Madonnepilgeruert zu Heeschbreg, fir déi et an der Zäit eng Rei weider Nimm gouf, déi awer haut net méi geleefeg sinn: Maria Hilf im Walde; Maria Hilfe in der Not; Maria im Walde; Bildchenskuescht; Kuescht.[1]

D'Heeschbreger Bildche vun der Strooss aus gesinn
D'Statu an der Eech. D'Original ass an der Kierch op der Schanz
Plackett "klasséierte Bam" op der Eech

Se ass zanter 2004 als nationaalt Monument klasséiert.[2]

D'Kombinatioun Marienhellegtum – Eech ass zimmlech verbreet. D'Pilgeruertschaft Montaigu (Scherpenheuvel) an der Belsch geet op e Mariebild an enger Eech zeréck. Och d'Bildche vu Veianen huet am Ufank tëscht den Äscht vun enger Eech gestanen. A Frankräich gëtt e Chêne de la Vierge am Staatsbësch vun Tannières no bei den Uertschafte La Baffe an Archettes.

Urspronk vun der Pilgerplaz

änneren

Wann am Laf vun der Geschicht d'Leit aus der Géigend dës Fro gestallt kruten, hu si ëmmer geäntwert, datt déi Marieneech nach ëmmer do stoung. De Professer Jean Engling mengt 1859, datt d'Bildchen op en heednesche Kult zeréckgeet. Deemools gouf et d'Bestriewen, d'Urspréng ganz fréi ze datéieren, fir d'Wichtegkeet z'ënnersträichen. Dëse Kult wier dann ersat ginn duerch chrëschtlech Aflëss, d. h.en Hellegebild ass an d'Plaz vum Gëtzebild komm.

Fir dës Theorie schwätzt Follgendes:

  1. Bam-Nischen un heedneschen “hellege Beem” – v.a. un Eechen - waren net rar, et ware Plaze wou Affere gemaach goufen.
  2. 300 m vun der Eech ewech goufe vill Tounstatuette vun der Fruchtbarkeetsgëttin Nehalienna, an och Mënze fonnt.

Trotzdeem gëtt dës Theorie vun engem heedneschen Urspronk haut net méi vertrueden. Méiglecherweis geet déi haiteg Marieveréierung zeréck op en Ereegnes vum 30. Mee 1731. Vun dräi Bridder ginn der zwéi vum Blëtz erschloen. Als Merci fir seng Rettung léisst deen drëtten, de Bernard Mathias Deitz, dat bekannt Bild an der Eech opstellen. Obwuel dat Ganzt no Legend kléngt, gëtt et eng historesch Grondlag, well am Joer 1895 huet de Paschtouer Christian Beck am Douderegëster eng Inscriptioun fonnt, déi beleet datt effektiv den 30. Mee 1731 de Johann an de Bernhard Deitz ënner enger Eech vum Blëtz erschloe goufen. Net auszeschléissen ass awer, datt d'Maria schonn am 17. Joerhonnert bei der Heeschbreger Eech veréiert gouf.[3]

Et si virun allem Fraen dohi gepilgert - Fraen, déi e Kand erwaart hunn, a Fraen, deenen hir Männer am Krich waren. Op d'mannst zënter 1936 geet de 15. August, op Léiffrawëschdag, owes eng Liichterpressioun vun der Schanzer Kierch, ugefouert vun der Becher Musek, bei d'Eech, wou en Altor an eng schéi faarweg Dekoratioun (vill Luuchten asw.) ubruecht sinn, a wou dann eng Mass mat Priedegt gefeiert gëtt.

D'Statu

änneren

Den Original vun der Statu steet an der Kierch op der Schanz, a gëtt fir d'Pressessioun op Léiffrawëschdag do erausgeholl. Bis den Hierscht 2006 stoung am Bam eng gipse Statu, déi vum Service des sites et monuments nationaux du mat enger Kopie vum Original ersat gouf.

D'Mariebild steet an enger Nisch an enger Eech, déi zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg gehéiert an zënter 2004 als nationaalt Monument klasséiert ass[4].

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Eech zu Heeschbreg.

Literatur

änneren

Quellen

änneren
  • Administration des eaux et forêts, 1981. Arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Imprimerie Saint-Paul, Lëtzebuerg. 167 S. (Cf. S. 12-13, Text a Foto).
  • Engling, Johann (Jean), 1861. Unsere Marienbäume - einst Sitz der Abgötterei und des Aberglaubens. Ein Beitrag zur Geschichte des Christentums im Luxemburger Lande. Publications de la section historique XVI, S. 96-118.
  • Faber, Ernest, 1893. Alte Bäume. St. Paulus-Gesellschaft, 36 S. (Cf. S. 13-14).
  • Faber, Ernest, 1920. Die Baumriesen des Grossherzogtums Luxemburg in Wort und Bild mit Erwähnung hervorragender ausländischer Riesenbäume. - Franz Faber, Miersch, 95 S. Text a 24 Fotosäiten.
  • Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. Imprimerie centrale S.A. (Cf S. 48-49, Text a Foto).
  • Vgl.: Massard, J.A., 1998. Historisch-naturwissenschaftlicher Streifzug durch den Kanton Echternach. In: nos cahiers Lëtzebuerger Zäitschrëft fir Kultur, Joer 19 (2-3): 363-393 (Cf. S. 381-385).

Referenzen an Notten

änneren
  1. Kuescht oder Kues ass eng al lëtzebuergesch Bezeechnung fir e Bam, meeschtens eng Eech.
  2. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 3. Juli 2024).
  3. J. Hess: Die Marieneiche von Hersberg. In: An der Ucht, 20(1966). Cf. Massard 1998, S. 384.
  4. Arrêté du conseil de gouvernement, séance du 7 mai 2004: Art. 1er. - Est classé monument national le chêne pédonculé connu sous l'appellation « Bildchenkuescht op der Schanz », sis à Altrier-Hesberg, inscrit au cadastre de la commune de Bech, section E d'Altrier, sous le no 385/1744, appartenant au Domaine de l'État. Le terrain de la parcelle cadastrale sera compris dans le classement en qualité de périmètre de protection.

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Eech zu Heeschbreg – Biller, Videoen oder Audiodateien
right


Kathoulesch Muttergottes-Pilgerplazen an Europa
Lëtzebuerg: Lëtzebuerg - Stadgronn - Wolz - Léiffrächen - Giischterklaus - Veianer Bildchen - Heeschbreger Bildchen
Belsch: Banneux - Beauraing - Foy-Notre-Dame - Moresnet-Chapelle - Werpin
Frankräich: Lourdes - Avioth - Bonne-Fontaine - Monléon-Magnoac - Notre Dame du Puy Rachat - Notre-Dame de La Salette - Schwaarz Muttergottes vu Rocamadour
International: Fátima - Einsiedeln - Montserrat - Altötting - Kevelaer - Loreto - Mariazell - Tschenstochau - Covadonga
Pilgerplaze fir Sportler: Notre-Dame des Cyclistes (F) - Notre-Dame de la Course Landaise (F) - Notre-Dame-du-Rugby (F) - Chèvremont (B) - Nuestra Señora de Dorleta (Es) - Madonna del Ghisallo (It)