Wëldbréck
Eng Wëldbréck erméiglecht et dem Wëld, staark frequentéiert Verkéiersweeër wéi z. B. Autobunnen ouni Gefor z'iwwerbrécken, a ginn dofir och op deene Plazen ugeluecht, wou d'Wëld gewinnt war, vun engem Deel vun hirem Habitat an en aneren ze zéien.
Wëldbrécke sinn dacks mat Traisch beplanzt a mat Barriäre vum Verkéier ofgeschiermt, fir d'Wëld net ofzeschrecken.
Wëldbrécken zielen zu den Ecoducken, déi allgemeng der Zersiidlung vun der Landschaft entgéintwierke sollen, andeems net nëmmen Déieren, ma och Planzen, Pilzen, asw., sech iwwer soss oniwwerbréckbar Obstakelen ewech, ausbreede kënnen.
Um Spaweck
ännerenCommons: Wëldbréck – Biller, Videoen oder Audiodateien |