NGC 6946

Spiralgalaxie am Stärebild Cepheus
(Virugeleet vu(n) Arp 29)

Den NGC 6946 ass eng Spiralgalaxie am Stärebild Cepheus op der Grenz zum Stärebild Cygnus. Den NGC 6946 huet eng Wénkelausdeenung vun 11,5' × 9,8' an eng visuell Magnitude vu +9,0 mag. D'Galaxie läit mat enger Distanz vun nëmmen zéng Millioune Liichtjoer relativ no bei der Lokaler Grupp a féiert d'Statistik vun de Supernova-Heefegkeeten an de leschten 100 Joer mat enger Zuel vun 8 un. D'Galaxie läit no bei eisem galaktesche Plang, dofir gëtt d'Liicht, dat vum NGC 6946 bei eis kënnt, duerch Gas a Stëbs aus eiser Galaxie staark ofgedonkelt. Dat erschwéiert d'Observatioun vun där Galaxie. Et ass eng sougenannt Face-On-Galaxie.

Date vum NGC 6946
NGC 6946 aus Fotoe vum Isaac Newton Telescope zesummegesat
Stärebild Cepheus (Cep)
Positioun (Equinoxe: J2000.0)
Rektaszensioun 20h 34m 52s
Deklinatioun +60° 09' 12"
Ausgesinn
Hubble-Typ SBc
Visuell Magnitude +9,0 m
Wénkelduerchmiesser 11,5' × 9,8'
Flächenhellegkeet 14,0 mag/arcmin2
Physikalesch Daten
Gehéiert zu der NGC 6946 Grupp
Distanz ongeféier 10 Millioune Liichtjoer
Routverrécklung +0,00016 ± 0,00001
Heliozentresch radial relativ Vitess +48 ± 2 km/s
Absolut Hellegkeet
Absolutten Duerchmiesser
Mass
Katalogbezeechnungen
NGC 6946, UGC 11597, PGC 65001, MCG +10-29-006, Arp 29, IRAS 20338+5958, h 2084, GC 4594

Entdeckung

änneren

Den NGC 6946 gouf den 9. September 1798 vum däitsch-britteschen Astronom Friedrich Wilhelm Herschel entdeckt.

Eng aner Foto

änneren
 
Infraroutfoto vum SST

Kuckt och

änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck

änneren