Armand Hary

lëtzebuergesche Geolog

Den Armand Hary, gebuer den 19. Januar 1929 zu Athus (B) a gestuerwen de 26. November 2011 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Schoulmeeschter, Professer a Geolog.

Armand Hary
Gebuer 19. Januar 1929
Gestuerwen 26. November 2011
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Geolog
Famill
Kanner Suzie Godart

Den Armand Hary huet d'Normalschoul gemaach an am Juni 1955 säi provisoresche Brevet als Schoulmeeschter kritt. Seng ganz Karriär huet sech zu Gréiwemaacher ofgespillt: Schoulmeeschter an der Primärschoul vun 1955 bis 1960, dann an der Oberprimärschoul vun 1960 bis 1969, duerno vun 1969 bis 1990 an der Mëttelschoul, dem Collège d'enseignement moyen et professionnel de l'Est, dee vun 1979 u Lycée technique Joseph-Bech geheescht huet.

Den Armand Hary war wëssenschaftleche Mataarbechter vum Service géologique a vum naturhistoresche Musée. Hie war Member vun der Section des sciences vum Institut grand-ducal (membre correspondant 1969, membre effectif 1979). Vun 1971 bis 1982 war hie Member vum Kommitee vun der Société des naturalistes luxembourgeois (SNL), wou hie sech ënner anerem ëm de Bulletin gekëmmert huet.

Den Armand Hary ass den Auteur vu ville Publikatiounen. Seng éischt Artikelen huet hien tëscht 1959 an 1963 am Kalenner « An der Ucht » publizéiert. Si hate mat Folklor a Geschicht ze dinn: « Fastnachtsrummel bei den Freiheitsbürgern von Grevenmacher » (1959), « Luxemburger Kirmes in Geschichte und Folklore » (1961), « Bäume in Religion, Brauchtum und Aberglauben » (1963). Duerno huet den A. Hary sech op d'Geologie konzentréiert.

Den A. Hary ass de Papp vun der Suzie Godart.

Publikatiounen (Auswiel) änneren

  • Hary, A., 1964. Die Landschaft des Müllertals geologisch gesehen. An der Ucht, 18 (1964), S. 41-47.
  • Hary, A., 1966. So ward das Moseltal: Erdgeschichtliche Betrachtungen über das Moseltal zwischen Schengen und Wasserbillig. An der Ucht, 20 (1966), S. 69-77.
  • Hary, A., 1966. Quelques recherches dans le Calcaire à Entroques (Trochitenkalk) entre Machtum et Moersdorf. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 68(1963), S. 5-46.
  • Hary, A., 1966. Recherches paléobiologiques dans le Calcaire Coquillier Principal aux environs de Grevenmacher, Moersdorf, Betzdorf. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 69(1964), 18-33.
  • Bintz, J. & A. Hary, 1967. Profil dans le groupe du Muschelkalk de la région mosellane luxembourgeoise, allant de la formation des couches à entroques à celles du grès coquillier. Archives de l'Institut grand-ducal de Luxembourg, Section des sciences naturelles, physiques et mathématiques N.S. 32 (1966), S. 61-74.
  • Hary, A., 1969. Recherches biostratigraphiques et pétrographiques dans les couches à Entroques au "Heselbierg" près de Moersdorf (Basse-Sûre). Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 70(1965), S. 109-138.
  • Bintz, J., A. Hary & A. Muller, 1973. Luxembourg. In: G. Waterlot & A. Beugnies: Ardenne. Masson, Paris, S. 143-188 (Guides géologiques régionaux).
  • Hary, A., 1976. Évolution du territoire luxembourgeois et des régions limitrophes au cours des millions d'années. Étude paléoécologique et paléogéographique succincte. Publications du Service géologique de Luxembourg 7, S. 20-40.
  • Berners, H.P., H. Berners, H. Bock, L. Courel, A. Demonfaucon, A. Hary, J.F. Hendriks, E. Muller, A. Muller, E. Schrader & J. Wagner, 1984. Vom Westrand des Germanischen Triasbeckens zum Ostrand des Pariser Lias-Beckens. Aspekte der Sedimentationsgeschichte N.F. 66, S. 357-395.
  • Hary, A., 1986. Als die Mosel über die Höhen floß! In: Nidderdonven 1986. Luxembourg, S. 139-163.
  • Hary, A., 1987. Épifaune et endofaune de Liogryphaea arcuata (LAMARCK). Contribution à l'écologie des populations de Liogryphaea arcuata (LAMARCK) dans le Sinémurien au NE du Bassin de Paris. Travaux scientifiques du Musée d'Histoire Naturelle de Luxembourg 9, 77 S.
  • Hary, A., 1990. Histoire géologique de la vallée de la Moselle entre Sierck et Trèves. In: Lycée Technique Joseph Bech 1969-1989. Grevenmacher, S. 45-68.
  • Guérin-Franiatte, S., A. Hary, A. Muller, 1995. Paléoenvironnements et facteur temps: observations dans le Lias inférieur du Nord-Est du Bassin parisien. Geobios 28, Suppl. 1, S. 207-219.

Literatur änneren