Suzie Godart

lëtzebuergesch Vëlossportlerin

D'Suzie Godart-Hary, gebuer den 20. Juli 1962 zu Esch-Uelzecht, ass eng lëtzebuergesch Vëlossportlerin, déi bei Stroossecoursse souwéi am Cyclo-Cross an am Mountainbike aktiv ass.

Suzie Godart
Gebuer 20. Juli 1962
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Vëlossportler, Schoulmeeschter
Famill
Papp Armand Hary

Se huet eréischt mat 32 Joer ugefaange mam Vëlossport. Se war uechzéngmol lëtzebuergesch Meeschterin, dovu sechsmol am Cyclo-Cross, néngmol am Mountainbike an dräimol op der Strooss.

Si ass d'Mamm vun der Trixy Godart a vum Fränz Godart an d'Duechter vum Armand Hary. Hire Mann ass de Marc Godart, sportlechen Direkter beim Team Differdange - Losch.

Vu Beruff ass d'Suzie Godart Léierin a se bitt an deem Beräich och speziell Coursë fir d'Kanner aus der Grondschoul un, fir datt déi Vëlofuere léieren. De Programm « Bicycool: Sécher a mat Freed Vëlo fueren » gëtt an Zesummenaarbecht vum SCRIPT organiséiert[1].

Erfolleger änneren

1994
  •   2. bei der Nationaler Meeschterschaft op der Strooss (Elite)
1995

1997

1998
  •   1. bei der Nationaler Meeschterschaft op der Strooss (Elite)
2000
  •   2. bei der Nationaler Meeschterschaft op der Strooss (Elite)
2001
  •   1. bei der Nationaler Meeschterschaft op der Strooss (Elite)
  •   1. bei der Nationaler Meeschterschaft am Cyclo-Cross (Elite)
2002

2003

  •   3. um Cyclo-Cross zu Sint-Michielsgestel an Holland
2004
  •   1. bei der Nationaler Meeschterschaft am Cyclo-Cross (Elite)
  •   2. bei der Nationaler Meeschterschaft op der Strooss (Elite)
2005
  •   1. bei der Nationaler Meeschterschaft am Cyclo-Cross (Elite)
  • CHE  1. am Cyclo-Cross zu Steinmaur bei Zürich
2006
  •   2. bei der Nationaler Meeschterschaft am Cyclo-Cross (Elite)
2007
  •   1. bei der Nationaler Meeschterschaft op der Strooss (Elite)
  •   2. bei der Nationaler Meeschterschaft am Cyclo-Cross (Elite)
  •   2. um Cyclo-Cross zu Boezinge
  •   3. um Cyclo-Cross zu Olen
2008
  •   2. bei der Nationaler Meeschterschaft am Cyclo-Cross (Elite)
  •   3. bei der Nationaler Meeschterschaft op der Strooss (Elite)
  •   3. am Cyclo-Cross zu Conter
2009
  •   1. bei der Nationaler Meeschterschaft am Cyclo-Cross (Elite)
2010
  •   3. bei der Nationaler Meeschterschaft op der Strooss (Elite)
2011
  •   3. bei der Nationaler Meeschterschaft am Cyclo-Cross (Elite)
2012
  •   2. bei der Nationaler Meeschterschaft am Cyclo-Cross (Elite)
2013

  •   10. beim Hansgrohe Superprestige – cyclo-cross de la mer du Nord zu Middelkerke
2019
  •   1. bei der Weltmeeschterschaft am Mtb XC zu Brno (Masters)

Ekippen änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. (fr)Thibaut Goetz, Suzie Godart, l'éternelle championne apprend les bases du cyclisme aux plus jeunes. moien-mental.lu (2023-01-31). Gekuckt de(n) 2023-10-18.