Maacher Lycée
De Maacher Lycée ass e lëtzebuergesche Lycée technique zu Gréiwemaacher.
GeschichtÄnneren
De Maacher Lycée gouf duerch e groussherzoglecht Reglement vum 15. Juli 1969 als Collège d'enseignement moyen et professionnel de l'Est gegrënnt an huet de 15. September vum nämmlechte Joer seng Dieren (an enger fréierer Complémentaires-Schoul) opgemaach. Deemools gouf et eng 10 Klasse mat ronn 200 Schüler.
No an no gouf d'Gebai vergréissert, an en Turnsall ass bäikomm. Den 13. Juli 1979 gouf duerch e groussherzoglecht Reglement d'Schoul an e Lycée technique ëmgewandelt a gouf Lycée technique Joseph-Bech, kuerz LTJB, gedeeft, nom fréiere Staatsminister Joseph Bech.
Wéi duerch e Gesetz vum 3. Juni 1994 de Régime complémentaire ofgeschaaft an duerch de Régime préparatoire ersat gouf, si fir d'Schouljoer 1994/95 13 sou Klassen ageriicht ginn.
Den LTJB war déi éischt Schoul zu Lëtzebuerg, déi differenzéierten Unterrecht an Aktivitéiten, déi no de reguläre Schoulstonnen nomëttes ofgehale ginn, agefouert huet.
Mam Schoulufank 2014/2015, wou en neie Flijel vum Gebai ageweit gouf, gouf de Lycée technique Joseph Bech offiziell a Maacher Lycée ëmgenannt.[1]
Dat neit Gebai krut 2015 de Publikumspräis beim Prix Luxembourgeois d'Architecture 2015.[2]
Kuckt ochÄnneren
Um SpaweckÄnneren
- maacherlycee.lu
- Loi du 16 août 1965 portant création de l'enseignement moyen
- Règlement grand-ducal du 15 juillet 1969 portant réorganisation des centres d'enseignement professionnels
- Règlement grand-ducal du 18 juin 1969 portant création d'un Collège d'enseignement moyen à Grevenmacher avec dépendance à Remich
- Règlement grand-ducal du 13 juillet 1979 transformant... le Collège d'enseignement moyen et professionnel de l'Est... en lycées techniques et leur octroyant des dénominations particulières
ReferenzenÄnneren
- ↑ "Historique" op maacherlycee.lu.
- ↑ "De Maacher Lycée gewënnt de Prix du Public". rtl.lu, 13.11.2015, 12:04:10.