Alphonse Pelles

lëtzebuergesche Lepidopterolog an Ornitholog

Den Alphonse Pelles, "Fons" oder "Fosi" genannt, gebuer de 14. Juli 1940 zu Péiteng an do gestuerwen den 23. Oktober 2020,[1] war e lëtzebuergeschen Naturfuerscher an Naturschützer.

Alphonse Pelles
Gebuer 14. Juli 1940
Péiteng
Gestuerwen 23. Oktober 2020
Péiteng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Lepidopterolog, Ornitholog, Naturschützer, Lokalpolitiker

Den Alphonse Pelles huet vum Februar 1975 bis den Abrëll 1997 als Employé am naturhistoresche Musée geschafft, wou hien dem Marcel Brillon säi Posten als techneschen Assistent iwwerholl hat.[2]

Lepidopterolog an Ornitholog änneren

Als Spezialist vun de Päiperleke war hien e ganz aktive Member vum „Groupe de travail entomologique“ vun der Société des naturalistes luxembourgeois (SNL), dee vun 1972 un ënner verschiddenen Nimm funktionéiert huet.[3]

Den Alphonse Pelles huet sech awer och mat de Vullen auskannt a war aktive Member vun den „Naturfrënn Kordall, Natur- a Vulleschutz Gemeng Péiteng a laangjärege benevole Mataarbechter vum Aarbechtsgrupp "Feldornithologie" vun der Lëtzebuerger Natur- a Vulleschutzliga.

Naturschützer änneren

Als Naturschützer huet den A. Pelles sech besonnesch fir de Schutz vum Prënzebierg bei Péiteng an deem seng Ëmgéigend agesat. 1974 huet hien um Giele Botter déi rar Orchidee Anacamptis pyramidalis entdeckt.[4]

Lokalpolitiker änneren

Vum 15. Abrëll 1987 bis den 31. Dezember 1988 war den A. Pelles als Conseiller am Gemengerot vun der Gemeng Péiteng.[5] Hien hat am Oktober 1981 op der Lëscht vun der LSAP kandidéiert, war awer net gewielt ginn. Wéi de Willy Bodry 1987 demissionéiert huet, ass den Alphonse Pelles an de Gemengerot nogerutscht. Bei de Gemengewale vum Oktober 1987 ass den A. Pelles, deen 1982 aus der LSAP ausgetruede war, als onofhängege Kandidat op der Lëscht vun der GAP (Gréng Alternativ Partei) gewielt ginn. Hien huet säi Mandat um Enn vum Joer 1988 opginn.[6]

Auteur änneren

Den Alphonse Pelles huet am Bulletin vun der SNL, an déi hien am Januar 1965 opgeholl ginn ass,[7] publizéiert, donieft och am Päiperlek, den Travaux scientifiques du Musée d'histoire naturelle de Luxembourg, dem Kéisécker, dem Regulus, der Galerie an a Veräinsbroschüren. Hien huet awer och an auslänneschen Zäitschrëften publizéiert: Atalanta (Zeitschrift der Deutschen Forschungszentrale für Schmetterlingswanderung) an Entomologische Zeitschrift (Internationaler Entomologischer Verein e. V., Frankfurt a. M.).

Publikatiounen änneren

Päiperleken änneren

  • Pelles, A., 1966. Der Lichtfang der Nachtfalter. Bull. Soc. Nat. luxemb. 68 (1963), S. 168-178. PDF
  • Pelles, A., 1972. Contribution à l'étude d'Iphiclides podalirius L. au Grand-Duché de Luxembourg. Bull. Soc. Nat. luxemb. 76 (1971)(1), S. 12-14. PDF
  • Pelles, A., 1973. Zur Verbreitung von Iphiclides podalirius (Linné, 1758) im Großherzogtum Luxemburg (Lep. Papilionidae). Atalanta 4 (1972/73), Zeitschrift der Deutschen Forschungszentrale für Schmetterlingswanderung, S. 205-207. PDF
  • Pelles, A., 1973. 1. L'année lépidoptérologique 1966 au G.-D. de Luxembourg. 2. Les observations les plus importantes faites au Bassin minier au cours des cinq dernières années (1961-1965). Bull. Soc. Nat. luxemb. 71-75 (1966-1970), S. 47-62 [séance du 23 janvier 1967]. PDF
  • Pelles, A., 1973. Zum Nachweis von Boarmia maculata bastelbergeri in Luxemburg (Lep., Geometridae). Entomologische Zeitschrift 83, Nr. 5, S. 55-56 (Hrsg. Internationaler Entomologischer Verein e. V., Frankfurt a. M.).
  • Pelles, A., 1977. La présence de Proserpina proserpinus (Pall.) au Grand-Duché de Luxembourg (Lepidoptera-Sphingidae). Bull. Soc. Nat. luxemb. 80 (1975), S. 84-87. PDF
  • Meyer, M. & Pelles, A., 1981. Atlas provisoire des Insectes du Grand-Duché de Luxembourg. Lepidoptera, 1ère partie. Trav. sci. Mus. hist. nat. Lux., Luxembourg, 147 p.PDF[8]
  • Meyer, M. & Pelles, A., 1981. Rote Liste der Schmetterlinge Luxemburgs. Bull. Soc. Nat. luxemb. 83-84 (1978-1979), S. 41-52. PDF
  • Pelles, A., 1983. “Päiperlek” in neuem Gewand. Luxemburger Wort 1983, Nr. 139 (18. Juni), S. 24.
  • Meyer, M. & Pelles, A., 1984. Recherches lépidoptérologiques du Groupe de Travail Entomologique de la Société des Naturalistes Luxembourgeois en 1982 et 1983. Païperlek 5 (4), S. 1-10. PDF
  • Hellers, M., M. Meyer & A. Pelles, 1985. Découverte de deux espèces supposées éteintes au Grand-Duché de Luxembourg. Endromis versicolora L. et Arctia villica L. (Lepidoptera, Endromididae, Arctiidae). Päiperlek 7 (2/3), S. 1-4. PDF
  • Meyer, M. & J. Cungs, R. Gerend, M. Hastert, M. Hellers, J. Kinn, A. Pelles, R. Schoos (collaborateurs), 1988. La faune entomologique des sites xérothermiques de Pagny-la-Blanche-Côte, dép. Meuse, France (Orthoptera, Lepidoptera). Päiperlék 10 (2): 79-101. PDF
  • Meyer, M. & J. Cungs, M. Hastert, M. Hellers, A. Pelles, R. Schoos (collaborateurs), 1989. Recherches lépidoptérologiques du Groupement des Entomologistes Luxembourgeois en 1988. Päiperlek 11 (1), S. 1-14. PDF
  • Meyer, M. & A. Pelles, 1989. Eléments pour une révision faunistique des Macrolépidoptères du Grand-Duché de Luxembourg. 1. Les Rhopalocères de la collection de C. Wagner-Rollinger (†). Païperlek 11 (2), S. 63-80. PDF

Vullen änneren

  • Pelles, A., 1971: Saatkrähen verfolgen Merlin. Regulus 51. Jg., Nr. 7 (Januar/Februar 1971), S. 236-237 (Bd. 10).
  • Pelles, A. & M. Walesch, 1972. Systematisches Namensverzeichnis aller bisher im "Kuerdall" nachgewiesenen Vogelarten. Pétange: Ligue luxembourgeoise pour l'étude et la protection des oiseaux. Section "Kuerdall", 34 f. [multigr.]
  • Pelles, A., 1985. Eng kritesch Analys iwwer d'Vullewelt am Kordall. Galerie: revue culturelle et pédagogique 3 (1985), N° 1, S. 131-138.
  • Pelles, A., 2000. Liste der Vogelarten des "Prënzebierg". Artenliste mit Statusangabe, Februar 1987. In: Biologische Station Westen: Pflegeplan für das Gebiet Giele Botter–Tiresbierg, S. 92-93.
  • Pelles, A., 1991. Liste faunistique établie par M. Alphonse Pelles de 1960 à 1989. In: Kirpach, J.C., 1919. La réserve naturelle "Lénger Wisen" à Linger: propositions en vue de la création d'une zone protégée. Bull. Soc. Nat. luxemb. 92 (1991), S. 16. PDF

Aner Déieren änneren

  • Molitor, M., R. Thorn, A. Mousset & A. Pelles, 1975. In Luxemburg geschützte Tiere: Säugetiere, Amphibien und Reptilien, wirbellose Tiere. Natura, Luxemburger Liga für Natur- und Umweltschutz, 63 S.
  • [[Nico Schneider|Schneider, N. & A. Pelles, 1988. Découverte d'une étrange poterie au dépôt militaire de Sanem (Hymenoptera, Sphecidae). Bull. Soc. Nat. luxemb. 88 (1988), S. 89-91 [conc.: nid de Sceliphron caementarium (Drury), espèce d'origine américaine]. PDF

Naturschutz änneren

  • Pelles, A., 1977. De Problem vum ökologischen Ëmweltschutz an de Südwest-Gemengen. Bull. Soc. Nat. luxemb. 80 (1975), S. 107-108 [séance du 1er déc. 1975, texte en français]. PDF
  • Pelles, A., 1979. Insekten und Naturschutz. Païperlek 1 (1), S. 2-10. PDF
  • Pelles, A., 1983. Potentielle Naturreservate Luxemburgs. Der "Prënzebierg" bei Petingen. Regulus 1983 (1), S. 208-212.
  • Pelles, A., 1983. Schmetterlingsparadiese aus zweiter Hand: Lebensraum Erzgruben. Päiperlek 5 (1), S. 13-18. PDF
  • Pelles, A., 1984. De Prënzebierg - en Naturschutzreservat! De Kéisécker, N° 6/84 - 1/85 (01.12.1984), S. 11. PDF
  • Pelles, A., 1985. Beispiel «Prenzebierg»: Positive Naturschutzprojekte im Südwesten Luxemburgs. De Kéisécker, N° 2 (01.03.1985), S. 3. PDF
  • Pelles, A., 1985. Warum ein Naturschutzgebiet auf dem "Prënzebierg"? In: 75e anniversaire du Club sportif Pétange. Pétange, S. 51-58.
  • Pelles, A, 1991. Lebensraum Erzgrube: Paradies aus zweiter Hand. In: Gaart an Heem Lamadelaine, 1923-1991: Aweihung vum neie Fändel: 20. Oktober 1991. Lamadelaine, S. 63-69.
  • Pelles, A., 1993. 25 Joër "Naturfrënn Kordall, Natur- a Vulleschutz Gemeng Péiténg". In: Naturfrënn Kordall, Natur- a Vulleschutz Gemeng Péiténg: De Kordall a seng aal Minièren. Petingen, S. 5-7.
  • Pelles, A., 1993. Hilfsprogramm für Schmetterlinge = Naturschutzgebiete. In: Naturfrënn Kordall, Natur- a Vulleschutz Gemeng Péiténg: De Kordall a seng aal Minièren. Petingen, S. 16-18.

Varia änneren

  • Pelles, A., 1976. Einige Richtigstellungen in Bezug auf die zoologischen Sammlungen des Staatsmuseums. Regulus 56 (1976), Nr. 6, S. 115-117.
  • Pelles, A., 1992. Eisenbahngeschichte: das Bahnbetriebswerk Petingen und seine wichtigsten Dampflokomotiven. In: Associatioun FNCTTFEL Péiteng, 1917-1992: Fändelweih: 25. Oktober 92. Petingen, S. 55-60.

D'Famill änneren

Dem Alphonse Pelles säi Papp war den Eisebunner Hubert Pelles, gebuer den 13. Abrëll 1904 am Neiduerf a gestuerwen de 6. Februar 1971 zu Péiteng. Seng Mamm war d'Marie Karger, gebuer den 1. Februar 1907 zu Äischen a gestuerwen den 13. Febuar 1993 zu Nidderkuer.[9] Den Alphonse Pelles war mam Melanie Lallemang bestuet. Hir Duechter ass d'Simone Pelles.[1]

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Luxemburger Wort 2020-10-31, S. 85 (Avis mortuaires). — Mail vum Patrick Michaely, MnhnL, a Mail vum Jean-Marie Halsdorf, Péiteng, vum 13.11.2020.
  2. Mail vum Musée.
  3. Hellers, M., 2015. Die Arbeitsgruppe zum Studium der wirbellosen Tiere. Bull. Soc. Nat. luxemb. 116 (2015), S. 391-398. [1].
    Massard, J.A., 2015. La Société des naturalistes luxembourgeois de 1890 à 2015. Bull. Soc. Nat. luxemb. 116: 5-302. [2].
  4. Sentiers thématiques de la réserve naturelle « Prënzebierg »
  5. Luxemburger Wort 2020-11-05, S. 27 (Annonce vun der Gemeng Péiteng).
  6. Mëndlech Matdeelung vum Jean-Marie Halsdorf (13.11.2020).
    Jean-Marie Meyer: Petingen: Die CSV am Drücker. d'Letzeburger Land, 34. Jg., nº 42 (16.10.1987), S. 8. [3]
    Jean-Marie Meyer: Alphonse Pelles. d'Letzeburger Land, 34. Jg., nº 44 (30.10.1987), S. 5. [4]
  7. Assemblée générale annuelle du 4 janvier 1965. Bull. Soc. Nat. luxemb. 69 (1964), S. 152. [5]
  8. Steiniger, Hartmut, 1984. Book reviews - Buchbesprechungen – Analyses. Nota lepidopterologica 7 (2), S. 184. [6]
  9. Luxroots.com.— Geneanet: Généalogie par Fritz Bloes.