Richard Nikolaus Coudenhove-Kalergi

De Richard Nikolaus Coudenhove-Kalergi (bis 1919 Grof, och: Richard Coudenhove-Kalergi oder, a Japan, Eijirō Aoyama), gebuer de 16. November 1894 zu Tokio a gestuerwen de 27. Juli 1972 zu Schruns, an Éisträich, war e japanesch-éisträichesche Schrëftsteller, Philosoph, Politiker a Grënner vun der Paneuropa-Unioun.

Richard Nikolaus Coudenhove-Kalergi
Gebuer 16. November 1894
Tokio
Gestuerwen 27. Juli 1972
Schruns
Nationalitéit Éisträich, Tschechoslowakei, Frankräich
Educatioun Universitéit Wien
Aktivitéit Politiker, Schrëftsteller, Philosoph
Famill
Bestuet mat Ida Roland
Papp Heinrich Coudenhove-Kalergi
Mamm Mitsuko Coudenhove-Kalergi

"Pan-Europa" war den Titel vun engem Buch, dat en 1923 geschriwwen hat, an deem en de Wonsch no engem europäesche Bond vu Staaten, an deem d'Fräiheet, de Fridden, Wuelstand a Kultur de Kader géife bilden, zum Ausdrock bruecht huet.

Hie war deen Éischten, dee mam Karlspräis ausgezeechent gouf.

Publikatiounen

änneren
  • Adel, Verlag Der Neue Geist/Dr. Peter Reinhold, Leipzig 1922.
  • Apologie der Technik, Verlag Der Neue Geist, Leipzig 1922.
  • Ethik und Hyperethik, Verlag Der Neue Geist, Leipzig 1922.
  • Krise der Weltanschauung., 1923.
  • Pan-Europa, der Jugend Europas gewidmet, 1923, 16. Tausend, Wien-Leipzig 1926. Neuauflage: Amalthea, Wien / München 1987, ISBN 3-85002-239-0.
  • Europa erwacht!, Wien 1923.
  • Praktischer Idealismus. Adel – Technik – Pazifismus, Paneuropa-Verlag Wien-Leipzig 1925.
  • Rundfrage: Halten Sie die Schaffung der Vereinigten Staaten von Europa für notwendig? – Halten Sie das Zustandekommen der Vereinigten Staaten von Europa für möglich?, Paneuropa Verlag, Wien 1925.
  • Kampf um Paneuropa, 3 Bände, 1925–1928.
  • Held oder Heiliger, 1927.
  • Festschriftbeitrag Th. G. Masaryk zum 80. Geburtstag, Bonn 1930.
  • Los vom Materialismus, 1931.
  • Stalin & Co., 1931.
  • Brüning – Hitler: Revision der Bündnispolitik, 1931.
  • Das Wesen des Antisemitismus, 1932.
  • Totaler Mensch – Totaler Staat. Glarus: Paneuropa Verlag 1937.
  • Judenhass!, 1937.
  • Die Europäische Nation, 1953.
  • Ein Leben für Europa, Lebenserinnerungen, 1966.
  • Weltmacht Europa, 1971.

Literatur

änneren
  • Vanessa Conze: Richard Coudenhove-Kalergi: umstrittener Visionär Europas. Muster-Schmidt, Gleichen/Zürich 2004, ISBN 3-7881-0156-3.
  • Anita Ziegerhofer-Prettenthaler: Botschafter Europas. Richard Nikolaus Coudenhove-Kalergi und die Paneuropa-Bewegung in den zwanziger und dreißiger Jahren. Wien 2004, ISBN 3-205-77217-2.

Éierungen

änneren

Lëtzebuerg

änneren

Fir un de Richard Coudenhove-Kalergi z'erënneren, huet de Stater Schäfferot de 14. Oktober 1974 decidéiert, eng Strooss um Kierchbierg no him ze nennen: d'Rue Richard Coudenhove-Kalergi.

Um Spaweck

änneren
Commons: Richard Nikolaus Coudenhove-Kalergi – Biller, Videoen oder Audiodateien