Lycée Aline-Mayrisch

Secondairesschoul an der Stad Lëtzebuerg
(Virugeleet vu(n) Lycée Aline Mayrisch)

De Lycée Aline-Mayrisch, kuerz LAML, ass en ëffentleche Lëtzebuerger Lycée um Campus Geesseknäppchen am Quartier Hollerech vun der Stad Lëtzebuerg. D'Schüler nennen hire Lycée och nach "Alima".

Lycée Aline-Mayrisch
Agank vum Lycée (2022)
(LAML)
Typ ëffentlech Schoul, Secondairesschoul
Regimm Classique, General
Land Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Leedung Carole Chaine
Schülerzuel 1.296
  September 2022
Gegrënnt 28. Juli 2000
Genannt no Aline de Saint-Hubert
Um Spaweck http://www.laml.lu

D'Schoul huet hiren Numm vun der Aline Mayrisch de Saint-Hubert.

Historique änneren

De Lycée Aline-Mayrisch ass den 28. Juli 2000 an d'Liewe geruff ginn[1] an ass de 14. Mäerz 2001 vun de Ministeschen Erna Hennicot-Schoepges an Anne Brasseur ageweit ginn. Fir d'Schüler huet d'Schoulgebai am September 2001 seng Dieren opgemaach.

Zanter 2018 kritt all Schüler en IPad mat Apple Pencile an Tastatur zur Verfügung gestallt.

Schoulformen änneren

Klasseschen Enseignement änneren

Am klasseschen Enseignement bitt de Lycée Aline Mayrisch Klasse vu 7e bis 1re un. Vun der 3e un, mussen d'Schüler sech fir eng Sektioun entscheeden:

Fir d'Sektiounen F (Musekswëssenschaften) an I (Informatik a Kommunikatioun) muss de Schüler no der 4e d'Schoul wiesselen.

Generellen Enseignement änneren

Am generellen Enseignement bitt de Lycée d'Klassen vun 7eG bis 5eG un.

Berufflechen Enseignement änneren

Am berufflechen Enseignement bitt de Lycée d'Klassen vun 7eP bis 5eP un.

Aktivitéiten änneren

Defi änneren

Den Defi ass e fräiwëllege Projet fir d'Schüler vun der 7e. D'Schüler setzen sech selwer en gréisster Ziel, dat se am Laf vum Joer wëllen erreechen: e Buch schreiwen, eng Maquette vun engem Haus bauen, eng Sprooch leieren oder e Pullover strecken. Zum Schluss vum Joer kritt all Schüler, den säin Defi gepackt huet, op enger offizieller Feier en Diplom. iwwerreecht.

Alin&Art änneren

Alin&Art ass e Konscht-Event. All Joer invitéiert de Lycée 6 Kënschtler, déi e puer Deeg Workshops hale fir interesséiert Schüler aus alle Klassen. Hei entstinn Skulpturen, Collagen, oder Video-Installatiounen. Op engem Vernissage gi d'Konschtwierker presentéiert.

Semaine à Projets änneren

An der Semaine à Projet falen all normal Coursen aus an gin duerch ee Projet ersat, den iwwer déi ganz Woch geet. Dat kann Team Building sinn, e Projet iwwer gesond Ernierung oder iwwer ökologesch Themen.

Journée de la Solidaité änneren

Den Lycée organiséiert all Joer en Solidaritéitsdag. All Klass huet hei en eegenen Stand mat Spiller, handgemaachenen Produiten, Iessen oder Gedrénks. Am Festsall vum Lycée gëtt en VIP-Mëttegiessen zerwéiert. Déi gesammelt Suen gin un eng ONG gespent, déi vun den Schüler an den Elteren ausgewielt gëtt. Momentan ass dat d'ONGD Guiden a Scouten mat engem Ausbildungszentrum fir Jugendlecher am Südsenegal.

Klassereesen änneren

Op 6e mécht all Schüler aus dem Lycée Aline Mayrisch eng Klasserees. Verschidde Klasse fueren an d'Ardèche, anerer maachen Teambuilding zu Holzgau an Éisträich oder eng Schivakanz zu Samoëns. Op 2e organiséieren d'Klassen hir eege Rees, de Voyage autogéré. D'Schüler gi sech an der Klass eens wouhi se wëllen zesumme fueren a plangen autonom hir Aktivitéite wärend dëser Rees. Si finanzéieren déi Rees mat, andeem s'op Gedrénksstänn hëllefen, mam Verkaf vu Rouse fir Valentinsdag oder aneren eegenen Verkafs-Iddien.

Science Days änneren

Wärend zwee Deeg weisen Spezialisten an Wëssenschaftler mat 25 Science-Atelieren wei d'Theorie vun der Science kann praktesch ugewannt gin.

Music in Motion änneren

All Joer am Mee ass am Conservatoire vun der Staat Lëtzebuerg den groussen Spektakel „Music in Motion“. Hei weisen d' Schüler hier Talenter an hier Begeeschterung fir d'Musek. D'Danzgruppen, d'Big Band, d'Harmonie, d'Chorale an d'Rock-, Jazz- a Blues-Ensembelen souwéi vill Solisten trieden bei dësem Event wärend dréi Stonnen op.

Direktioun änneren

Direkteren änneren

  • 2001-2018: Gaston Ternes
  • Zanter 2018: Carole Chaine

Sousdirekteren änneren

  • 2000-2012: Constant Raths
  • 2012-2018: Carole Chaine
  • Zanter 2018: Claude Faber

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Lycée Aline-Mayrisch – Biller, Videoen oder Audiodateien
 

Referenzen an Notten änneren

  1. Loi du 17 juillet 2000 portant création d'un établissement d'enseignement secondaire et secondaire technique au campus scolaire «Geesseknäppchen» à Luxembourg. legilux.lu (17.07.2000). Gekuckt de(n) 24.09.2022.