Astrid vu Schweden
D'Astrid Sofia Lovisa Thyra vu Schweden aus dem Haus Bernadotte, gebuer de 17. November 1905 zu Stockholm als Prinzessin vu Schweden, a gestuerwen den 29. August 1935 zu Küssnacht am Rigi, war duerch Bestietnes mam Leopold III., Kinnigin vun de Belsch.
Astrid vu Schweden | |
---|---|
Titelen | |
Biographie | |
Gebuer |
17. November 1905 Arvfurstens Palais |
Gestuerwen |
29. August 1935 Küssnacht am Rigi |
Bestuet mat | Leopold III. vun der Belsch |
Papp | Carl vu Schweden |
Mamm | Ingeborg vun Dänemark |
Geschwëster | Margaretha vu Schweden, Märtha vu Schweden, Carl Bernadotte |
Kanner | Joséphine-Charlotte vun der Belsch, Baudouin vun der Belsch, Albert II. vun der Belsch |
Si war d'Mamm vun der Joséphine-Charlotte vun der Belsch, déi méi spéit Groussherzogin vu Lëtzebuerg war.
Liewen
ännerenD'Astrid war déi drëtt Duechter vum Prënz Carl vu Schweden, Herzog vu Västergötland (1861–1951), Jong vum Kinnek Oskar II. vu Schweden, a senger Fra, der Prinzessin Ingeborg vun Dänemark (1878–1958), Duechter vum dänesche Kinnek Frederick VIII. aus dem Haus Schleswig-Holstein-Sonderburg-Glücksburg a seng Fra Louise vu Schweden-Norwegen. Hir Schwëster Märtha huet sech an d'norwegesch-kinneklech Famill abestuet. Si hat e méi jonke Brudder, de Carl (1911–2003) an eng aner Schwëster d'Margaretha vu Schweden.
Um Spaweck
ännerenCommons: Astrid vu Schweden – Biller, Videoen oder Audiodateien |