Kinnek vun de Belsch
De Kinnek vun de Belsch ((fr) roi des Belges; (de) König der Belgier; (nl) Koning der Belgen) ass de souveräne Monarch a Staatschef vum belsche Kinnekräich. Déi belsch Monarchen assuréieren d'exekutiv Muecht mat der Federalregierung op nationalem Niveau, awer och mat de Regierunge vun de Regiounen, Communautéiten a Provënzen.
Bezeechnung
ännerenDen offiziellen Numm ass Kinnek vun de Belsch, an net Kinnek vun der Belsch, obwuel et den Herrscher vum belsche Kinnekräich ass.
Dësen Titel ass verbonne mat der Visioun vun engem ideale Fonctionnement vun der belscher Monarchie, ronn 40 Joer no der Franséischer Revolutioun, wéi d'Grënner vum Land et 1830 gewënscht hunn: eng Monarchie déi keng direkt Muecht ausübe géif an déi méi als Ënnerstëtzung vun den Organismen, déi vun de Belsch selwer gegrënnt goufen, funktionéiere sollt. Dës Visioun besteet nach bis haut.
Muecht vum Kinnek
ännerenD'Belsch ass eng konstitutionell Monarchie an d'Muecht vum Kinnek ass duerch déi belsch Verfassung definéiert, déi ë. a. virgesäit, datt « tous les pouvoirs émanent de la nation », wat am 19. Joerhonnert staark vun de parlamentaresche Monarchië vun den Nopeschlänner (Holland, Vereenegt Kinnekräich, asw.) ofwäicht, wou d'Monarchen d'Muecht Dei gratia hunn. De Kinnek gëtt deemno net gekréint an en huet och keng vun den Attributer, déi normalerweis mat engem Monarch verbonne sinn. Hie muss souguer en Eed leeschten, ier e seng Funktioun untrëtt.
Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
Aner Rechter
ännerenDëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Kinnek vun de Belsch – Biller, Videoen oder Audiodateien |