Dëse Geographiesartikel iwwer Europa ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Matterhorn (Walliserdäitsch: ds'Hore, franséisch: Mont Cervin oder Le Cervin, italieenesch: Monte Cervino) ass mat 4.478 m de siwenthéchste Bierg vun den Alpen (wann en de Mont Blanc an de Monte Rosa als een an de selwechte Grupp betruecht).

Matterhorn
Matterhorn: Ost- an Nordwand
Héicht: 4.478 m
Lag: Schwäiz/Italien
Bierger: Walliser Alpen
Fir d'éischt op der Spëtzt: 14. Juli 1865: Edward Whymper

D'Matterhorn steet an de Walliser Alpen tëscht Zermatt a Breuil (Cervinia). D'Ost-, Nord- a Westwand leien op Schwäizer, d'Südwand op italieeneschem Statsgebitt.

Wéinst senger aparter Form a senger alpinistescher Geschicht ass et ee vun de bekanntste Bierger vun der Welt. Fir d'Schwäiz ass d'Matterhorn e richtegt Symbol, an eng vill geknipsten Touristenattraktioun. Säi markanten dräieckege Kapp gëtt souguer vun der Schwäizer Schockelasfabrik Tobler als Motiv fir hiren "Toblerone" benotzt.

Kuckeswäertes änneren

D'Air Zermatt bitt den Touristen Helikopterflich vun 20 Minutten un, mat deenen een direkt iwwer d'Spëtzt vum Matterhorn geflu gëtt an d'Wänn vu ganz no erliewe kann. De Startpunkt ass meeschtens um Gletscher um Plateau Rosa

Fotoalbum vum Materhorn änneren

Literatur änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Matterhorn – Biller, Videoen oder Audiodateien