Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Népomucène-Achille Grenier war e franséischen Ingenieur.

Achille Grenier
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Ingenieur

No sengem Studium op der École centrale des arts et manufactures de Paris, déi hien 1838 ofgeschloss hat, huet hie beim Canal de Marseille ënner dem Franz Mayor de Montricher geschafft. No e puer Joer huet hie seng Karriär als Eisebunnsingenieur bei der Compagnie des chemins de fer de la méditerranée ugefaangen. Hie gouf duerno ingénieur principal bei de Chemins de fer de l'est, a méi spéit ingénieur en chef bei der Société royale grand-ducale des chemins de fer Guillaume-Luxembourg.

Zesumme mam Auguste Letellier huet hien d'Pläng vun der Aler Bréck an den Eisebunnsviadukten an der Stad entworf, déi vun der brittescher Firma Waring Brothers gebaut goufen.

1866 (oder 1867) huet hie Lëtzebuerg verlooss fir an d'USA ze goen.