Auguste Letellier

franséischen Ingenieur

Den Rémy-Augustin Letellier, och Auguste Letellier, gebuer den 22. Januar 1823 zu Hanvoile am franséischen Departement Oise,[1] gestuerwen den 19. Januar 1892 an der Stad Lëtzebuerg, war e franséischen Ingenieur.

Auguste Letellier
Gebuer 22. Januar 1823
Gestuerwen 19. Januar 1892
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Ingenieur

Hie war Chef-Ingenieur bei der Société royale grand-ducale des chemins de fer Guillaume-Luxembourg.

Zesumme mam Achille Grenier huet hien d'Pläng fir d'Al Bréck an der Stad Lëtzebuerg entworf.

Hie war mat der Virginie Neyen (1837-1909) bestuet.

Zu Bouneweg ass eng Strooss no him benannt.

Referenzen änneren

  1. Isselin, Yvette: F14 2420 - 2696. Dossiers individuels des conducteurs des Ponts-et-Chaussées. XVIIIe-XIXe siècles. Répertoire alphabétique., Archives Nationales, Paris, 1994, S.182 Link op d'pdf-Dokument