Aix-sur-Cloie

Duerf an der Belscher Province de Luxembourg

Aix-sur-Cloie, lb: Esch-op-der-Huurt, ass eng Uertschaft an der Gemeng Éibeng (Sektioun Hueldang) an der Provënz Lëtzebuerg, am Arelerland.

Aix-sur-Cloie
lb: Esch-op-der-Huurt
Yache-dile-Halazi.jpg
Land Belsch
Regioun Flag of Wallonia.svg Wallounien
Communautéit Flag of Wallonia.svg Franséisch Communautéit
Provënz Official flag of the Province of Luxembourg.svg Lëtzebuerg
Arrondissement Arel
Gemeng Éibeng
Koordinaten 49° 33’ --’’ N
      05° 44’ --’’ O
Telefonszon 063
Postcode 6792

GeographieÄnneren

Et läit nordwestlech vun der Uertschaft Éibeng, an ëstlech vun Hueldang, dat an der Gaume läit.

Nërdlech vun der Uertschaft huet d'Baach Brühl hir Quell, si leeft Richtung Südosten an am Dräilännereck an d'Kuer.

  Bébange Messancy  
Battincourt N
W    Aix-sur-Cloie    O
S
Halanzy Mont-Saint-Martin (F) Aubange

GeschichtÄnneren

Esch-op-der-Huurt stoung ursprénglech ënnert der Herrschaft vu Lonkech[1]. No der Konventioun vum 16. Mee 1769, gouf et en Deel vum Grand-gouvernement de Lorraine-et-Barrois, an ënnerstoung dem Bailliage de Villers-la-Montagne[2].

An der Franséischer Revolutioun an dem Directoire war et en Deel vum Departement Forêts, dono vum neigegrënnte Groussherzogtum Lëtzebuerg, bis wéi no der Belscher Revolutioun d'Provënz Lëtzebuerg gespléckt gouf an et op der belscher Säit vun der Grenz ze leie koum.

Als Sektioun vun der Gemeng Halanzy koum et schlussendlech, am Zock vun der belscher Gemengereform vun 1977, an d'Gemeng Éibeng, mag där Halanzy fusionéiert hat.

 
Eent vun de Weekräizer

KuckeswäertesÄnneren

  • d'Kierch Saint-Martin
  • véier Weekräizer, déi klasséiert sinn

Kuckt ochÄnneren

Um SpaweckÄnneren

Uertschaften an der Gemeng Éibeng

Sektiounen: AttemÉibengHueldangRéiseg
Uertschaften: Esch-op-der-Huurt · Beetem · Gierleng

  1. Publications de la Société pour la recherche et la conservation des monuments historiques dans le Grand-Duché de Luxembourg, volume Schabloun:XV, 1860.
  2. Nicolas Durival: Description de la Lorraine et du Barrois Band 2, Nancy, chez la veuve Leclerc, 1779}}