Aglais io

Päiperleksaart aus der Famill Nymphalidae

Den Aglais io (fréier och Inachis io, Vanessa io, Nymphalis io oder Papilio io) ass eng Päiperleksaart aus der Famill vun den Nymphalidae, der Ënnerfamill vun den Nymphalinae, dem Stamm vun den Nymphalini an der Gattung Aglais.

Aglais io
Aglais io

Aglais io
Aglais io
Systematik
Räich: Déiereräich (Animalia)
Stamm: Arthropoden (Arthropoda)
Klass: Insekten (Insecta)
Uerdnung: Päiperleken (Lepidoptera)
Famill: Nymphalidae
Ënnerfamill: Nymphalinae
Gattung: Aglais
Wëssenschaftlechen Numm
Aglais io
(Linnaeus, 1758)

Op Lëtzebuergesch gëtt e Pohunn genannt[1], op Däitsch Tagpfauenauge, op Franséisch Paon du jour an op Englesch Peacock.

Beim Friessen op der Bléi vun engem Buddleja davidii.
Ënnescht Säit vum Flillek
Nascht mat jonke Raupen
Raup, déi e Brennesselsblat frësst
Popp vun der 2. Generatioun
Verpoppung am Minuttentakt

Ausgesinn

änneren

Dem Aglais io seng Flilleken hunn eng Spanwäit vu 50 bis 55 Millimeter. D'Grondfaarf dovun ass raschtbrong, charakteristesch ass awer vir an hannen op der Flillekespëtzt e schwaarz, giel a blo gefierfte Fleck, deen engem A gläicht, e bësse wéi bei engem Pohunn, dohier och säi franséischen an däitschen Numm Paon-du-jour bzw. Tagpfauenauge.

Do dernieft ginn et um ieweschte Bord vum Flillek schwaarz a wäiss Flecken. De Rescht vum Flillek ass grobrong, geneesou wéi och de Kierper. Déi ënnescht (oder baussenzeg) Säit vum Flillek ass donkelgro a schwaarz marbréiert.

Déi onscheinbar Faarf ass, wann en do sëtzt, eng Tarnung géint Friessfeinden, wärend bei Gefor déi zwee „Aen“ déi ofschrecke sollen.

D'Raupe gi ronn 42 Millimeter laang. Si si schwaarz mat klengen, wäissen Tëppelen an hu schwaarz Daren.

D'Insekte sinn, ausser am Norden an an Deeler vun der ibeerescher Hallefinsel an a Griicheland, a ganz Europa doheem a wäit verbreet, sou wéi och an Asien bis a Japan. Si komme bis op eng Héicht vun 2500 Meter vir.

Si gi gutt mat der vum Mënsch verännerter Ëmwelt eens, ë. a. well d'Brennesselen (Urtica dioica), déi duerch Düngung séier wuessen, zum Haaptkascht vun de Raupen zielt.

Et sinn all Joers zwou Generatiounen ënnerwee: Déi éischt flitt vu Juni bis August, woubäi jee no Wieder eng Diapaus vu Juli bis Oktober agehale gëtt; déi zweet vun August bis Oktober. No der Iwwerwanterung kënnen d'Päiperleke scho vu Mäerz bis Mee gesi ginn.

D'Weibercher leeë 50 bis 200 Eeër ënnen op d'Blieder vun de Fudderplanzen. Dës si ronn ee Millimeter grouss, gréng an hunn aacht reng Rëppen de laange Wee. No zwou bis dräi Woche kommen déi ronn dräi Millimeter laang Raupen eraus. Dës hunn eng wäisselzeg bis gréngelzeg Faarf an eng blénkeg, schwaarz Kappkapsel. Si liewe beieneen a strëppen hir Haut schonn no e puer Deeg eng éischt Kéier. Duerno si se grobrong a leeën dann e Kokon un. No dräi bis véier Wochen an nodeem se sech nach e puermol gehait hunn, sinn d'Raupen ausgewuess an hunn ewell eng schwaarz Faarf mat wäisse Punkten. Da verzéien se sech, fir sech op engem Aascht ze verpoppen. No engem bis zwéin Deeg bascht d'Haut um Réck vun der Raup an d'Popp kënnt eraus. Jonk Poppen hunn eng hellgréng Faarf, déi duerno grogréng an da brongelzeg gëtt. Ausserdeem sinn op der Popp Dären a metallfaarweg Flecken. No ronn zwou Woche platzt d'Poppenhüll der Nout no an de Päiperlek (Imago) druddelt sech eraus. Ier e fortflitt, mussen d'Flilleken duerch Bluttflëssegkeet opgepompelt ginn an dréchnen. Geschwënn duerno si se prett fir sech ze verkoppelen a kënne sou déi nächst Generatioun ervirbréngen.

Literatur

änneren
  • Hans-Josef Weidemann: Tagfalter: beobachten, bestimmen. Naturbuch-Verlag, Augsburg 1995, ISBN 3-89440-115-X
  • Günter Ebert: Die Schmetterlinge Baden-Württembergs. Band 1 Tagfalter I. Ulmer Verlag, Stuttgart 1993, ISBN 3-8001-3451-9

Um Spaweck

änneren
Commons: Aglais io – Biller, Videoen oder Audiodateien


Referenzen

änneren
  1. Mestdagh X., L'Hoste L. & Titeux N. (editors) 2024. - Butterflies in Luxembourg: distribution, trends and conservation. Ferrantia 90, Musée national d'histoire naturelle, Luxembourg, 287 p. PDF (en)