Buddleja davidii
De Buddleja (och Buddleia oder Päiperlekstrausch; Buddleja davidii) ass en Trausch aus der Famill vun de Scrophulariaceae.
Buddleja davidii | |
Wëssenschaftlech Klassifikatioun | |
---|---|
Räich | Planzeräich |
Ofdeelung | Bléieplanzen |
Klass | Rosopsida |
Ënnerklass | Asteridae |
Uerdnung | Lamiales |
Famill | Scrophulariaceae |
Gattung | Buddleja |
Wëssenschaftlechen Numm | |
Buddleja davidii | |
Franch. | |
Beschreiwung
ännerenDe Buddleja wiisst als Trausch a ka bis zu 4 m héich ginn. En huet charakteristesch, filzeg horeg Äscht. D'Blieder si bis zu 25 cm laang a 7 cm breet, schmuel a lafe spatz no vir aus. Uewendrop si se donkelgréng, ënnendrënner gro-filzeg. Se wuessen zu zwee an zwee niefteneen.
D'mof Bléie wuessen a sougenannte Rispen, déi bis 30 cm laang kënne ginn. Si ginn am Juni op a richen no Hunneg. Insekte mat laange Rüsselen, wéi Päiperleken, ginn dovun ugezunn a bestäube se. Den 3 mm klengen, spounfërmege Som gëtt mam Wand verbreet.
De Buddleja davidii ass a China an am Tibet doheem a gouf an Europa agefouert, fir a Gäert schéin ze maachen. En huet sech zanterhier och an der fräier Natur verbreet, besonnesch laanscht Eisen- an Autobunnen, Uferen oder op Broochen. En zielt deemno zu den invasiven Aarten oder den Neophyten.
Literatur
änneren- Mario Ludwig, Harald Gebhard, Herbert W. Ludwig, Susanne Schmidt-Fischer: Neue Tiere & Pflanzen in der heimischen Natur - Einwandernde Arten erkennen und bestimmen, BLV Verlagsgesellschaft München, ISBN 3-405-15776-5
- Bruno P. Kremer: Strauchgehölze Erkennen & bestimmen, Steinbachs Naturführer, 2002, ISBN 3-800-14275-9
Um Spaweck
ännerenCommons: Buddleja davidii – Biller, Videoen oder Audiodateien |
-
Blieder
-
Bléien
-
Bléie mat Päiperleken