La Belle Étoile (Akafszentrum)

La Belle Étoile, och nach Shopping Center La Belle Étoile, ass en Akafszentrum op der Areler Strooss zu Bartreng.

D'Belle Étoile, déi der Firma Cactus gehéiert, ass dee gréisste Shopping Center zu Lëtzebuerg an doriwwer eraus an der Groussregioun[1]. De Shopping Center besteet zanter 1974.

An der Belle Étoile gëtt et 105 Geschäfter mat am Ganzen 39.400 m² Verkafsfläch op zwéin Niveauen op enger bebauter Fläch vu 65.000 m². Am Shopping Center schaffe ronn 1550 Leit.[1]

Geschicht änneren

D'Belle Étoile huet den 3. Juli 1974 op 13.000 m² mat engem Cactus-Supermarché an 21 anere Geschäfter an 2 Restauranten hir Dieren opgemaach.[1] 1.225 Parkplaze stoungen de Cliente gratis zur Verfügung. Et hunn 300 Leit do geschafft.

Den 30. November 1988 war d'Ouverture nodeem den Akafszentrum eng éischt Kéier op der Westsäit vergréissert gouf. Et koume 17 Geschäfter mat weidere 4.500 m² Verkafsfläch derbäi.[1] D'Geschäft Conforama huet den Akafszentrum verlooss fir direkt ëstlech niewendrun en eegent Gebai opzemaachen. D'Zuel vun den Aarbechtsplazen ass op 440 eropgaangen.

Den 19. August 1996 war d'Erëffnung nodeem et zu enger zweeter Vergréisserung, a Richtung Osten (no Stroossen hi) koum, mat 24 neie Geschäfter op weidere 5.700 m² Geschäftsfläch an zousätzlech 4.500 m² fir de Cactus-Hobbi.[1] D'Zuel vun den Aarbechtsplazen ass op 600 eropgaangen. Den ugekënnegte Projet, bei d'Haaptentrée e gastronomesche Block am Summer 2011 opzemaachen, gouf ni ënner där Form realiséiert.

Den 23. Mee 2013 huet de Südfligel mat 35 neie Geschäfter opgemaach, wouduerch d'Geschäftsfläch op am Ganzen 39.000 m² eropgaangen ass. Am Südfligel ass och nach e Parking op dräi Niveaue mat 800 Parkplazen.[1] D'Zuel vun den Aarbechtsplazen ass op 1550 eropgaangen. Den Numm vum Akafszenter ass op Nei Belle Étoile geännert ginn.

Ufanks 2014 hunn allerdéngs nees nei Aarbechten ugefaangen an zwar déi Kéier bei der Haaptentrée. Dat ass déi Plaz wou d'Erweiderung op 2 Stäck vun engem gastronomesche Block vum Schnékert ni realiséiert gouf. Trotzdeem koumen Enn 2014 nach eng Kéier 400 m² dobäi; um éischte Stack beim Virbau koum eng vergréissert Fläch vun Damart dobäi an um Rez-de-Chaussée huet dunn am November 2014 amplaz de Schnékert en asiatesche Restaurant mam Numm Cube seng Dieren opgemaach. Parallel dozou goufen d'Sanitaireanlagen all frësch gemaach an d'Entréeën all moderniséiert.[2]

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 1,4 1,5 Luxemburger Wort vum 22. Mee 2013, S. 2-3.
  2. "Cube die neue kulinarische Adresse der Belle Etoile" op cactus.lu, gekuckt 2014-11-24.