(9969) Braille

Asteroid


Den (9969) Braille ass en Asteroid vun der Haaptasteroidenceinture. Hie gouf de 27. Mee 1992 vum Eleanor Helin an dem Kenneth J. Lawrence um Palomar-Observatoire entdeckt.

(9969) Braille
Eegenschafte vum Orbit
Orbittyp Haaptceintureasteroid IMB
Bezuchspositioun Equinoxe: J2000.0
Grouss Hallefachs 2,345 A.E.
Exzentrizitéit 0,431
Sideresch Ëmlafzäit 3 a 216 d
Mëttel Bunnvitess 19,450 km/s
Inklinatioun 28,892 Grad
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser 1 × 2 km
Rotatiounsperiod 226,40 h
Absolut Hellegkeet 15,80
Spektralklass Q
Entdeckung
Entdecker E. Helin, K. J. Lawrence
Entdeckungsdatum 27. Mee 1992
Plaz Palomar-Observatoire
Aner Bezeechnungen 1992 KD

Den Asteroid gouf nom Louis Braille genannt, zu Éiere vum Weebereeder bei der Entwécklung vun der Blanneschrëft.

De Braille beweegt sech tëscht 1,334 (Perihel) astronomeschen Eenheete bis 3,356 astronomeschen Eenheeten (Aphel) op enger elliptescher Ëmlafbunn ëm d'Sonn. D'Bunn ass mat 28,89° staark géint d'Ekliptik gebéit, d'Bunnexzentrizitéit ass 0,431.

Den 29. Juli 1999 hat d'Raumsond Deep Space 1 den Asteroid op nëmmen 28 km Distanz passéiert. Duerch en technesche Feeler hat sech déi automatesch Kamera vun der Sond vum Asteroid ewechgedréit, soudatt keng no Fotoen entstane sinn. Eréischt 15 Minutten nom Laanschtfluch – zu dësem Zäitpunkt hat sech d'Sond awer schonn 13.500 km distanzéiert – konnte Fotoe gemaach ginn. Si weisen e längelzegen Himmelskierper vun ongeféier 1 × 2 km Duerchmiesser.

Den Asteroid gëtt dem V-Typ zougedeelt an zielt domat zu der Grupp vun de Vestoiden. Méiglecherweis handelt et sech also ëm e Brochstéck vum groussen Asteroid Vesta.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: 9969 Braille – Biller, Videoen oder Audiodateien