D'Eleanor Francis "Glo" Helin, gebuer den 19. November 1932 a gestuerwen de 25. Januar 2009,[1] war eng US-amerikanesch Astronomin. Si huet vill Asteroiden a Koméiten entdeckt.[2]

Eleanor Helin
Gebuertsnumm Eleanor Key Francis
Gebuer 19. November 1932
Pasadena
Gestuerwen 25. Januar 2009
Nationalitéit USA
Aktivitéit Astronom

D'Eleanor Helin huet fir d'Near Earth Asteroid Tracking (NEAT) geschafft, e Programm vun der NASA am Jet Propulsion Laboratory.

Bei hirer Aarbecht goufe vun hir selwer oder ënner hirer Leedung iwwer 800 Asteroiden entdeckt. Dorënner och déi zwéin éischt Aten-Asteroiden, den (2062) Aten an (2100) Ra-Shalom, souwéi d'Apollo-Asteroiden (4660) Nereus, (4769) Castalia ënner anerem, an e Koup Amor-Asteroiden. Zousätzlech sinn déi dräi Trojaner, dovun den (3240) Laocoon an (9969) Braille ze nennen.

D'Eleanor Helin huet, eleng oder an Zesummenaarbecht, e puer Koméiten entdeckt, ënner hinnen 111P/Helin-Roman-Crockett, 117P/Helin-Roman-Alu, 132P/Helin-Roman-Alu, 151P/Helin an 152P/Helin-Lawrence.

Hir gëtt och d'Zeréckentdeckung vum Asteroid (4015) Wilson-Harrington a vum Koméit 107P/Wilson-Harrington ugerechent.

Den Asteroid Glo ass no hir benannt an zwar mat hirem Spëtznumm Glo.

A verschiddene Quelle gëtt si och Eleanor Kay Helin genannt.

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. MPML
  2. Minor Planet Discoverers