Den Henry E. Holt ass en US-amerikaneschen Astronom, deen op der Universitéit vun Arizona schafft.

Henry E. Holt
Gebuer 27. September 1929
Gestuerwen 5. Mee 2019
Nationalitéit USA
Aktivitéit Astronom

Den Holt huet bis elo 669 Asteroiden, dorënner (4581) Asclepius, (5261) Eureka an (6914) Becquerel. Zesumme mat aneren Astronomen huet hien déi periodesch Koméiten 121P/Shoemaker-Holt, 127P/Holt-Olmstead an 128P/Shoemaker-Holt entdeckt.

Äerdno Asteroiden änneren

Den éischten äerdnoen Asteroid gouf am Joer 1989 vum Henry Holt endeckt. Den Asteroid ass der Äerd bis op 800.000 km no komm. E weideren, een nëmmen 3 m grousse Kierper, dee bis op 140.000 km no bei d'Äerd geflunn war, also bannenzeg vun der Moundëmlafbunn war, gouf 1993 vum Tom Gehrels fonnt.

Dem Holt zu Éiere gouf den Asteroid (4435) Holt no him benannt.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie