Achondritte (Griichesch Sprooch ά (a-), ‚ouni‘ an χόνδρος (chondros), ‚Koar‘) si Steemeteoritten, déi am Géigesaz zu de méi heefege Chondritte keng oder nëmmen nach wéineg Chondren hunn. Unhand vun Element- an Isotopeverhältnesser ginn Achondritten a Gruppen agedeelt. Ënnerscheet gi primitiv Achondritten, déi sech vu Chondritten nëmmen an der Textur ënnerscheeden a Reschter vu Chondren enthale kënnen, an differenzéiert Steemeteoritten, déi net vill Eisen oder eiseléislech Elementer hunn. Si goufen aus der Kuuscht oder dem Mantel vu gréissere Mammekierper erausgeschloen, déi sech bei hirer Genesis an en Eisekär a Mantel differenzéiert hunn. Dräi Gruppen, déi zesummen ongeféier zwéin Drëttel vun den Achondritten ausmaachen, stame warscheinlech vum Zwergplanéit (4) Vesta, e puer vum Äerdmound a vum Mars, aner konnte bis elo net klasséiert ginn.

Cumberland Falls, Achondrit (Aubrit)

De magmateschen Urspronk vun den Achondritte gouf fir d'éischt vum Berliner Mineralogieprofesser Gustav Rose erkannt.

Ausgesinn änneren

Achondritte sinn (vun der donkeler Kuuscht ofgesinn) dacks gro bis wäiss gefierft a bestinn aus magmateschem Gestengs, dat sech an éischter Linn aus de Silikat-Mineraler Olivin, Pyroxen a Plagioklas zesummesetzen. Achondritte hu bal ëmmer méi en niddrege Gehalt vun Néckeleise wéi Chondritten.[1] Et gëtt awer och Achondritte, déi bis zu 80 % Néckeleisen enthalen.

Klassifizéierung änneren

Et ënnerscheet een déi follgend beschriwwen Ënnerklassen.[2]

HED-Grupp änneren

D'Steemeteoritte vun der HED-Grupp sinn déi heefegst Grupp, als Urspronk gëtt den Asteroid (4) Vesta ugeholl, well d'Reflektiounsspektren vun dëser Grupp an dat vu Vesta sech zimmlech änlech sinn.[3]

 
En Eenzelstéck vum Eukrit vum Millbillillie-Meteoritten.
  1. Howarditten: Eng duerch Himmelskierperzesummestéiss geformt Mëschung aus chondriteschem Material mat Eukritten an Diogenitten (kuckt ënnen). Howarditte si Regolitten (Biedem op der Uewerfläch vu planetare Kierper), déi duerch kosmesch Stralung geformt Verrécklungen am Isotopenverhältnes vu villen Elementer opweisen.
  2. Eukritten: Dës aus Pyroxen a Plagioklas bestoende Basalte maachen déi heefegst Grupp an entstinn duerch Schmëlze an Differenzéierung aus Chondritten.[4] Bekanntste Vertrieder ass de Millbillillie-Meteorit aus Western Australia an Australien.
  3. Diogenitten: Si forme sech, wann eng Basaltschmëlz an ënnerierdesche Magmakummere lues ofkillt, soudatt kleng Pyroxen-Kristaller wuesse kënnen. Den Numm ass eng Reverenz un den Diogenes von Apollonia, deen als Éischten eng ausserierdesch Ofstamung vun de Meteoritten ugeholl hat. E bekannte Vertrieder ass de Meteorit vun Tatahouine, Tunesien.

All bis elo ënnersicht Diogenitten hunn e Bestralungsalter vun 22 oder 36 Millioune Joer, d. h. zu dëse béiden Zäitpunkte misste si duerch eng Kollisioun vun engem Mammekierper abgesprengt gi sinn. Als Mammekierper gëtt den Asteroid (237442) 1999 TA10 diskutéiert, dee selwer aus dem Mantel vum (4) Vesta stamen däerft.[5],[6]

SNC-Grupp änneren

Si musse vun engem relativ grousse Kierper stamen, méiglecherweis vum Mars.[7]

  1. Shergottitte: Shergottitten (genannt no der Uertschaft Shergotty, Indien) representéieren déi heefegst Grupp vu Marsmeteoritten déi op der Äerd fonnt goufen. Si bestinn aus basalteschem, vulkaneschem Ergossgestengs an Déiftegestengs. E charakteristescht Zeechen ass d'Ëmwandlung vum Feldspat a glasfërmege Maskelynit duerch Schockawierkung, warscheinlech bei der Ofléisung vun hirem Mammekierper.
  2. Nakhlitte: Nakhlitten (genannt no der Uertschaft Nakhla, Egypten) sinn aus engem rengkäregem, gréngelzeg brongem Material zesummegesat. Si enthale rar Mineraler, déi nëmmen zesumme mat flëssegem Waasser entstoe kënnen. Analysen hunn erginn, datt dës Minerale op dem Planéit Mars entstane musste sinn.[8] Dat weist drophin, datt op der Uewerfläch vum Planéit viru ronn 1,5 Milliarde Joer flëssegt Waasser war.
  3. Chassignitte: D'Chassignitten (genannt no der Uertschaft Chassigny, Frankräich) bestinn haaptsächlech aus olivinräichem Déiftegestengs. Si enthalen och Mineraler, déi nëmmen zesumme mat Waasser entstoe kënnen. Et handelt sech ëm eng ganz rar Klass vu Meteoritten, déi nëmmen aus zwéi Vertrieder besteet: dem Chassigny an dem NWA 2737.
  4. Orthopyroxenitte: Bis elo ass nëmmen ee Vertrieder vun dä Grupp bekannt, de Meteorit ALH 84001, deen am éiwegen Äis vun der Antarktis fonnt gouf. Am Ënnerscheed zu den anere Marsmeteoritte besteet hie bal nëmmen aus dem Mineral Orthopyroxen. Hien ass och méi al wéi déi aner. Besonnesch bekannt gouf dee Meteorit duerch mikroskopesch Aschlëss, déi Strukturen opweisen, déi u fossil Bakteerien erënneren. Jorelaang gëtt kontrovers diskutéiert, ob dës Strukture Spuere vu primitive Marsliewewiesen duerstellen oder duerch reng cheemesch Prozesser entstane sinn.

Angritte änneren

D'Angritte, genannt no der Fonntplaz Angra dos Reis a Brasilien, sinn differenzéiert Achondritte, déi aus Pyroxen, Olivin a Plagioklas bestinn. Anescht wéi bei de Chondritten a primitiven Achondritte leien dës Mineraler a Forme vir, déi op e magmatesch Entstoen hiweisen. Si enthalen dacks Aschlëss, déi als erstarrt Gasblose gedeit ginn. Vun hirer Struktur a cheemescher Zesummesetzung gläiche se den ierdesche Basalten. Den Urspronk vun den Angritten ass bis haut ongekläert. Offensichtlech stame se vun engem eegenen Urspronkskierper of, deen nach net identifizéiert konnt ginn.

Aubritte änneren

D'Aubritten (genannt no der Fonntplaz Aubres, Frankräich) enthalen dat magnesiumräicht Mineral Enstatit. Doriwwer eraus kommen ënnerschiddlech Deeler vu reduzéiertem Néckel-Eisen, d'Eisesulfid Troilit, d'Silikat Olivin a rar Mineraler vir, déi op eng magmatesch Genesis schléisse loossen. Beim Verglach vun de Reflexiounsspektre vun Asteroide goufen eng Iwwereneestëmmung mat dem Asteroid Nysa festgestallt. Méiglecherweis stamen d'Aubritte vun dësem Himmelskierper.

Ureilitte änneren

D'Ureilitte (genannt no Novo Urei, Russland) bestinn haaptsächlech aus Olivin a Pyroxen. Eng Eegenheet vun den Ureilitten ass eng kuelestoffräich, vun Oderen duerchzunne Matrix, déi Graphit, Diamant, Néckel-Eisen enthalen. D'Zwëscheraim sinn ausgefëllt mat Silikater. Cheemesch an isotopesch Ënnersich vun den Ureilitte féieren zu widersprëchleche Resultaten. Eng heterogen Verdeelung vun de Sauerstoffisotopen an en héijen Deel un Edelgasen an den Ureilitte schwätze géint wäitreechend Diffenrenzéierung vum Ureilitte-Mammekierper. Gläichzäiteg sinn Ureilitten awer ofgeräichert a siderophilen a lithophilen Elementer, wat op déi fraktionéiert Kristallisatioun vun enger basaltescher an enger metallescher Komponent hiweist. Bis elo existéiert keng allgemeng unerkannt Theorie iwwer d'Genesis an den Urspronk vun dëse Meteoritten.[9]

  • 2008 TC3 war den éischten Asteroid, fir deen eng Kollisioun mat der Äerd korrekt virausgesot gouf. Déi Meteorittestécker, wou opfonnt goufen, droen d'Bezeechnung Almahata Sitta a sinn als Urelitte klassifizéiert.[10]

Primitiv Achondritte änneren

Acapulcoitte (Acapulco, Mexiko), Brachinitte (Brachina, Australien), Lodranitte (Lodran, Indien), Winonaitte (Winona, USA): Dës véier Klasse vun Achondritte ginn als primitiv Achondritten zesummegefaasst. D'Differenzéierung vun dëse Meteoritten ass onvollstänneg, soudatt si hir primitiv (chondritesch) Zesummesetzung gréisstendeels behalen hunn. Déi typesch Struktur vun de Chondritte goung awer verluer, d'Chondre goufen zerstéiert.

Moundmeteoritten oder Lunaitten, och LUN-Grupp änneren

Duerch de Verglach mat de Moundprouwen, déi d'Astronaute matbruecht haten, kann eendeiteg gewise ginn, datt si vum Äerdmound stamen. Si enthalen dacks Moundregolith vun der Mounduewerfläch. Et ass interessant, datt Moundmeteoritte op der Äerd eréischt no der Moundlandung fonnt goufen, well eréischt d'Analyse vu Moundgestengs e séchere Nowäis iwwer Hierkomme vum Mound et erlaabt hunn. Déi éischt Moundmeteoritte goufen an der Antarktis fonnt. Den éischten net-antarktesche Moundmeteorit war de Calcalong Creek aus Australien, beschriwwen am Joer 1991. Spéider goufen weider Meteoritten an Afrika an am Oman identifizéiert. An dëser Grupp kann een no hirer Ofstamung verschidden Ënnerklassen erkennen, déi Anorthositesch Regolith-Héichlandbrekzien, déi Fragmental Héichlandbrekzien, Impakt-Schmëlzbrekzien, Marebasalte a schlissleich Maregabbroen.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Referenzen änneren

  1. F. Heide, F. Wlotzka: Kleine Meteoritenkunde. 3. Auflage, Springer-Verlag, 1988.
  2. Klassifizierung von Meteoriten. Gearchiveerd op 2013-07-13. Gekuckt de(n) 2013-07-05.
  3. T.H. Burbine, R.P. Binzel: Small main belt asteroid spectroscopic survey in the near-infrared. In: Icarus. 159 (2002), S. 468-499.
  4. M.J. Drake: The eucrite Vesta story. In: Meteoritics and Planetary Science. 36 (2001), S. 501-513.
  5. T. Althaus: Ein Splitter aus Vestas Mantel: Der Asteroid 1999 TA10. In: Sterne und Weltraum. 3/2011, S. 20.
  6. V. Reddy et al., First fragment of Asteroid 4 Vesta's mantle detected. In: Icarus. 2010.
  7. A.H. Treiman, J.D. Gleason, D.D. Bogard: The SNC meteorites are from Mars. In: Planetary and Space Science. 48 (2000), S. 1213.
  8. A.H. Treiman: The Nakhlite meteorites: Augite-rich igneous rocks from Mars. In: Chemie der Erde. 65 (2005), S. 203.
  9. C.A. Goodrich: Ureilites. In: Reviews in Mineralogy. Vol. 36, Planetary Materials, Mineralogical Society of America, 1998.
  10. Meteoritical Bulletin Database. Almahata Sitta

Um Spaweck änneren