Den (307) Nike ass en Asteroid vun der Asteroidenhaaptceinture, deen de 5. Mäerz 1891 vum Auguste Charlois um Observatoire vun Nice entdeckt gouf.

(307) Nike
Eegenschafte vum Orbit
Orbittyp Haaptceintureasteroid OMB
Bezuchspositioun Equinoxe: J2000.0
Grouss Hallefachs 2.910 A.E.
Exzentrizitéit 0.1407
Sideresch Ëmlafzäit 4 a 352 d
Mëttel Bunnvitess 17,4 km/s
Inklinatioun 6.13 Grad
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser 54,96 ± 3,3 km
Rotatiounsperiod 7 h 54 min
Albedo 0,0524
Absolut Hellegkeet 10,12M
Spektralklass CX
Entdeckung
Entdecker Auguste Charlois
Entdeckungsdatum 5. Mäerz 1891
Plaz Observatoire vun Nice


Den Himmelskierper gouf no der Nike, der Sigesgëttin aus der griichescher Mythologie genannt. D'Stad Nice ass iwweregens och no der Nike genannt ginn.

Nike beweegt sech op engem Ofstand vun 2,5076 (Perihel) bis 3,3123 (Aphel) astronomeschen Eenheeten a 4,9640 Joer ëm d'Sonn. D'Bunn ass 6,1131° géint d'Ekliptik gebéit, d'Bunnexzentrizitéit ass 0,1328.

Nike huet en Duerchmiesser vu 55 Kilometer. Den Asteroid huet eng donkel Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,052. A ronn 7 Stonnen a 54 Minutten dréit hien ëm déi eegen Achs.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie