Observatoire vun Nice
Den Observatoire vun Nice ass en astronomeschen Observatoire zu Nice, Frankräich, um 372 m héije Bierg Mont Gros.
Den Observatoire gouf 1879 vum Banquier Raphaël-Louis Bischoffsheim op eege Käschte finanzéiert. Et ass den eelsten europäesche Biergobservatoire a war 1879 den éischten dee bestänneg bedriwwe gouf. Den Architekt war de Charles Garnier an de Gustave Eiffel hat d'Haaptkuppel gebaut. Déi schwéier Kuppel aus Metall war mat hire 26 Meter Duerchmiesser déi gréisst an Europa. D'Baukäschten hat e Paräisser Banquier duerch eng Geldspend gedeckt.
Den Teleskop mat 76 cm Ëffnungswäit goung am Joer 1888 a Betrib. Et war zu där Zäit de gréissten Teleskop vun der Welt. E gouf awer am Joer duerno vum Teleskop mat 91 cm Ëffnungswäit vum Lick-Observatoire iwwertraff.
Als wëssenschaftlech Ariichtung existéiert den Observatoire vun Nice haut net méi an där Form. E gouf am Joer 1988 mat dem Observatoire du CERGA zesummegefouert zum Observatoire vun der Côte d'Azur.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Observatoire de Nice – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- (en) Offiziell Webpresenz
Astronomesch Observatoiren, Instituter an Installatiounen a Frankräich | ||
Observatoiren: Bordeaux - Calern - Côte d'Azur - Haute-Provence - Juvisy-sur-Orge - Lyon - Les Makes - Marseille - Meudon - Nançay - Nice - Paräis - Pic du Midi de Bigorre - Des Pises - Sorbonne - Stroossbuerg - Midi-Pyrénées - Toulouse - Triel-sur-Seine Centres de recherche, Laboratoiren an Instituter: Centre de recherche fir Geodynamik an Astrometrie - CLIMSO - Astrophysesche Centre de recherche vu Lyon - Astrophysescht Institut vu Paräis - Astrophysesche Laboratoire vu Grenoble - Centre de données astronomiques de Strasbourg - Versailles SQY Aner Installatiounen: Interferometer um Plateau de Bure -Teleskop Bernard Lyot - Sonnenobservatiounstuerm vu Meudon Kuckt och: Portal Astronomie
|