Auguste Charlois

franséischen Astronom

Den Auguste Honoré Pierre Charlois, gebuer de 26. November 1864 zu La Cadière am Departement Var, a gestuerwen de 26. Mäerz 1910 zu Nice, war e franséischen Astronom.

Auguste Charlois
Gebuer 26. November 1864
La Cadière-d'Azur
Gestuerwen 26. Mäerz 1910
Nice
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Astronom

Wärend senger Aarbechtszäit huet hien am Observatoire vun Nice 99 Asteroiden entdeckt. Säin éischten Asteroid huet hien 1887 fonnt. Et war den (267) Tirza Hien huet och den Asteroid (433) Eros fotograféiert, an der Nuecht vu senger Entdeckung duerch de Gustav Witt. De Witt konnt zwar als éischte seng Entdeckung bekanntmaachen, so datt se him zougesprach gouf.

De Charlois huet seng Sich no den Asteroiden nach wärend der Ära vun de visuellen Observatiounen um Teleskop ugefaangen. Den däitschen Astronom Max Wolf hat em 1891 d'fotografescht Verfahre fir den Asaz an der Astronomie verbessert an och fir d'Entdeckung vun Asteroiden agesat. Asteroiden hunn - am Verglach zu den Stären - eng grouss Eegebeweegung an erschéngen op laang beliichten Himmelsfotoen als Stréchspuer.

De Charlois huet dat fotografescht Verfahren iwwerholl, an huet an de follgende Joren zesumme mam Wolf méi Asteroiden entdeckt, wéi dat duerch visuell Observatioune méiglech gewiescht wier.

De Charlois gouf am Alter vu 45 Joer vu sengem éischte Schwoer (de Brudder vu senger éischter Fra), deen net konnt iwwerwannen, datt de Charlois sech nees bestuet huet, ermuert. Säi Mäerder ass zu liewenslängelecher Zwangsaarbecht an Neikaledonien verurteelt ginn.

Dem Charlois zu Éiere krut den Asteroid 1510 den Numm Charlois.

99 Asteroiden änneren

Den Auguste Charlois huet 99 Asteroiden entdeckt.

Um Spaweck änneren