(25) Phocaea
Asteroid
De (25) Phocaea ass en Asteroid vun der Haaptceinture. Hie gouf de 6. Abrëll 1853 vum Jean Chacornac entdeckt. Den Numm staamt vun der anticker griichescher Stad Phokaia.
Eegenschafte vum Orbit | |
---|---|
Orbittyp | Haaptceintureasteroid |
Bezuchspositioun | Equinoxe: J2000.0 |
Grouss Hallefachs | 2,400 A.E. |
Exzentrizitéit | 0,2561 |
Sideresch Ëmlafzäit | 3 a 262 d |
Mëttel Bunnvitess | 18,9 km/s |
Inklinatioun | 21,6 Grad |
Physikalesch Eegenschaften | |
Duerchmiesser | 72 km |
Rotatiounsperiod | 9 h 56 min |
Albedo | 0,231 |
Absolut Hellegkeet | 7,8M |
Spektralklass | S |
Entdeckung | |
Entdecker | Jean Chacornac |
Entdeckungsdatum | 6. Abrëll 1853 |
Plaz | Observatoire vu Marseille |
Aner Bezeechnungen | 1956 GC |
De Phocaea beweegt sech op enger Distanz vun 1,8 (Perihel) bis 3,0 (Aphel) Astronomesch Eenheeten an 3,72 Joer op enger exzentrescher Bunn ëm eis Sonn. D'Bunn huet mat 21,6° eng zimmlech staark Inklinatioun zur Ekliptik, an d'Bunnexzentrizitéit ass 0,26.
Den Asteroid Phocaea huet en Duerchmiesser vun 72 Kilometer. A ronn 10 Stonne rotéiert en ëm seng eegen Achs. Den Asteroid huet eng relativ hell silikaträich Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,231.
Aspekter
ännerenStationär da réckleefeg |
Oppositioun | Opposition Distanz |
Oppositioun Hellegkeet |
Stationär da rechtleefeg |
Konjunktioun |
---|---|---|---|---|---|
11. Abrëll 2013 | 16. Mee 2013 | 1,03737 | 10,0 | 30. Juni 2013 | 4. Abrëll 2014 |
17. Oktober 2014 | 8. Dezember 2014 | 1,77506 | 11,8 | 29. Januar 2015 | 20. Juli 2015 |
27. Dezember 2015 | 25. Februar 2016 | 1,96560 | 12,2 | 10. Abrëll 2016 | 18. Oktober 2016 |