Den (190) Ismene ass en Asteroid vun der baussenzeger Asteroiden-Haaptceinture. Hie gouf den 22. September 1878 vum Christian Heinrich Friedrich Peters entdeckt.

(190) Ismene
Eegenschafte vum Orbit
Orbittyp Baussenzeg Haaptceinture
Bezuchspositioun Equinoxe: J2000.0
Grouss Hallefachs 3.982 A.E.
Peridatum 26.08.2013
Exzentrizitéit 0.1645
Sideresch Ëmlafzäit 7 a 346 d
Mëttel Bunnvitess 14,8 km/s
Inklinatioun 6.17 Grad
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser 159 km
Rotatiounsperiod 6,5 h
Albedo 0,07
Absolut Hellegkeet 7,6M
Spektralklass P
Entdeckung
Entdecker C. H. F. Peters
Entdeckungsdatum 22. September 1878
Plaz Clinton
Aner Bezeechnungen 1947 QJ = 1951 DB


Den Himmelskierper gouf no der Ismene, der Duechter vum Ödipus an der Iokaste aus der griichescher Mythologie genannt.

Den Ismene beweegt sech op enger Distanz vun 3,3 (Perihel) bis 4,6 (Aphel) A.E. an 8,0 Joer ëm d'Sonn. D'Bunn steet 16,2° schréi zu der Ekliptik, d'Bunnexzentrizitéit ass 0,16. Den Ismene huet en Duerchmiesser vu ronn 160 Kilometer. En huet eng donkel kuelestoffhalteg Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,07. An zirka 6,5 Stonne rotéiert en ëm déi eegen Achs.

Den Ismene gehéiert zu den Hilda-Asteroiden, enger Grupp vun Asteroiden, déi an enger 3:2 Bunnresonanz mam Planéit Jupiter ëm d'Sonn lafen.

Portal Astronomie

Um Spaweck änneren