Den Ödipus (gr. Οίδίπους, Oidipous) ass de Jong vum Laios, dem Kinnek vun Theben a senger Fra Iokaste.

Mythos änneren

Well sengem Papp Laios vun engem Orakel prophezeit ginn ass dat säi Jong hien enges Daags ëmbréngen a seng Fra Iokaste bestuede géif, huet en dem neigebuerenen Ödipus d'Féiss duerchstieche an zesumme banne an en duerno vun engem Hiert an de Bierger aussetze gelooss.

Den Hiert hat awer Matleed mam Puppelchen an huet en un en aneren Hiert zu Korinth weiderginn. Iwwer deen ass de Jong an déi korinthesch Kinneksfamill komm déi hien adoptéiert huet an em wéinst senge geschwollene Féiss den Numm Ödipus (Schwellfouss) ginn huet. Zu Korinth as en dunn opgewuess ouni gewuer ze ginn vu wou en hierkomm ass. Wéi him en Orakel virausgesot huet dat en säi Papp wäert ëmbréngen a seng Mamm bestuede géif verléisst en aus Suerg ëm seng vermeintlech Eltere Korinth a mécht sech op de Wee op Theben.

 
De Ödipus an d'Sphinx, gemoolt vum Gustave Moreau

Ënnerwee ass en op enger Kräizung dem Laios begéint dee mat klengem Gefolleg ënnerwee war. Deen huet den Ödipus fir e Reiber gehalen a wollt e net duerchloossen. Doropshin erschléit den Ödipus hien an déi meescht vu senge Leit. Domat huet sech eng vun deenen zwou Prophezeiungen erfëllt.

Virun der Paart vun Theben ass en op d'Sphinx gestouss, déi all Reesend verschléngt déi bei hir laanscht wollten an hiert Rätsel net geléist kruten. D"Fro war: "Wat huet moies 4, mëttes 2 an owes 3 Been". Den Ödipus wousst d'Äntwert: de Mënsch (krabbelt als klengt Kand op alle Véier, geet als Erwuessenen op zwee Been an am Alter mat engem Bengel, also am iwwerdroene Sënn op dräi Been). D'Sphinx huet sech no senger Äntwert an d'Mier gestierzt an domat war Theben vun hir befreit. Als Belounung ass hien als Nofollger vum Laios zum Kinnek vun Theben ernannt ginn an huet d'Iokaste, seng Mamm, zur Fra kritt. Domat huet sech och déi zweet Prophezeiung erfëllt. Mä allen zwee wëssen se nach näischt vum Ödipus senger Schold an datt si Mamm a Jong sinn. Si kréie zesummen nach véier Kanner.

Wéi no ville gléckleche Joren eng Seuch an Theben ausbrécht seet d'Orakel vun Delphi viraus dat de Mäerder vum Laios fonnt misst ginn. Den Ödipus ënnersicht de Fall a fënnt eraus dat hie selwer de Mäerder ass an e seng eege Mamm bestuet huet. D'Iokaste huet sech doropshin erhaang an den Ödipus huet sech d'Aen ausgestach.

Dunn ass de Kreon, de Brudder vum Iokaste, Kinnek vun Theben ginn a verbannt den Ödipus aus der Stad. Dee wandert mat senger Duechter Antigone e puer Joer ouni Zil doruechter bis en zu Kolonos bei Athen an engem hellegen Hain stierft.

Konscht änneren

Literatur änneren

Kuckt och änneren

  Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.

Um Spaweck änneren

Commons: Oedipus – Biller, Videoen oder Audiodateien