(18) Melpomene

Asteroid


Den (18) Melpomene ass en Asteroid vun der Haaptceinture.

(18) Melpomene
Eegenschafte vum Orbit
Orbittyp Haaptasteroidenceinture
Bezuchspositioun Equinoxe: J2000.0
Grouss Hallefachs 2,296 A.E.
Exzentrizitéit 0,2182
Sideresch Ëmlafzäit 3 a 175 d
Mëttel Bunnvitess 19,4 km/s
Inklinatioun 10,13 Grad
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser 150 × 125 km
Mass 2,9 × 1018 kg
Mëttel Dicht zirka 2 g/cm3
Rotatiounsperiod 11,57 h
Albedo 0,2128
Absolut Hellegkeet 6,5M
Spektralklass S
Entdeckung
Entdecker John R. Hind
Entdeckungsdatum 24. Juni 1852
Plaz London

Den Objet gouf de 24. Juni 1852 vum John Russell Hind entdeckt.

Den Himmelskierper gouf no der Melpomene genannt, der Muse vun der tragescher Dichtung an dem Trauergesank.

Den Asteroid Melpomene beweegt sech op enger elliptescher Bunn ëm d'Sonn. Dobäi ass den Asteroid am Perihel 1,8 an am Aphel 2,8 A.E. vun der Sonn ewech. D'Bunn steet 10,1° schréi zu der Ekliptik, an d'Bunnexzentrizitéit ass 0,22.

De Melpomene huet en Duerchmiesser vu ronn 140 km. Hien huet eng relativ hell silikaträich Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,22. Wärend der Oppositioun erreecht den Asteroid Melpomene eng Hellegkeet vun 10,6 mag.

Observatioune loossen drop schléissen, datt de Melpomene vun engem klengen Asteroid begleet gëtt.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren