(16) Psyche
Den (16) Psyche ass en Asteroid vun der Haaptasteroidenceinture.
Eegenschafte vum Orbit | |
---|---|
Orbittyp | Haaptasteroidenceinture |
Bezuchspositioun | Equinoxe: J2000.0 |
Grouss Hallefachs | 2,921 A.E. |
Exzentrizitéit | 0,1377 |
Sideresch Ëmlafzäit | 4 a 362 d |
Mëttel Bunnvitess | 17,3 km/s |
Inklinatioun | 3,10 Grad |
Physikalesch Eegenschaften | |
Duerchmiesser | 280 × 230 × 190 km |
Mass | ca. 1,7 • 1019 kg |
Mëttel Dicht | ca. 2,0 g/cm3[1] |
Rotatiounsperiod | 4 h 12 min |
Albedo | 0,12 |
Absolut Hellegkeet | 5,9 |
Spektralklass | M |
Entdeckung | |
Entdecker | Annibale de Gasparis |
Entdeckungsdatum | 17. Mäerz 1852 |
Plaz | Neapel |
Hie gouf de 17. Abrëll 1852 vum Annibale de Gasparis entdeckt. Den Himmelskierper gouf no der Psyche, der Fra vum griichesche Gott Eros, genannt.
Beschreiwung
ännerenDe Psyche beweegt sech op enger Distanz vun 2,5 (Perihel) bis 3,3 (Aphel) astronomesch Eenheeten a ronn 5 Joer ëm d'Sonn. D'Bunn steet 3,1° géint d'Ekliptik an d'Bunnexzentrizitéit ass 0,14.
Mat engem Duerchmiesser vun 250 km ass de Psyche ee vun de gréissten Asteroide vun der Haaptceinture. Den Asteroid huet eng relativ hell Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,12. A 4 Stonnen an 12 Minutte rotéiert hien eemol ëm seng eegen Achs.
Radarobservatioune weisen, datt de Psyche aus Eisen an Néckel besteet. Am Géigesaz zu aneren M-Klass-Asteroide konnt op der Uewerfläch kee Waasser oder waasserhaltegt Material nogewise ginn. Dat deit och op e metalleschen Asteroid hin.
Aspekter
ännerenStationär, réckleefeg | Oppositioun | Minimaldistanz (AE) | Maximalhellegkeet (mag) | Stationär, rechtleefeg | Konjunktioun zu der Sonn |
---|---|---|---|---|---|
17. Mäerz 2013 | 9. Mee 2013 | 2,25241 | 10,4 | 4. Juli 2013 | 17. Dezember 2013 |
18. Juni 2014 | 5. August 2014 | 1,69830 | 9,3 | 21. September 2014 | 2. Abrëll 2015 |
22. Oktober 2015 | 8. Dezember 2015 | 1,67645 | 9,4 | 24. Januar 2016 | 27. Juli 2016 |
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
änneren- ↑ Asteroid bulk density measurements lpi.usra.edu, PDF gekuckt den 28. Oktober 2011