Den Eros war de griichesche Gott vun der Léift.

Den Eros

Beim Homer war den Eros nach net ernimmt. Mä beim Hesiod ass en direkt mat der Gaia an Tartaros nom Chaos komm an ass domat ee vun deenen eelste griichesche Gëtter. Spéider ass en als Jong vun der Aphrodite a vum Ares duergestallt ginn, dacks begleet vum Himeros (Gloscht) a Pothos (Verlaangeren).

Am Denke vun de Griichen huet den Eros eng bedeitend Roll gespillt, mä en ass awer am Kult wéineg veréiert ginn. Eng vun de wéinege Kultplaze war dat boiotescht Thespiai, wou en a Form vun engem réie Steen veréiert ginn ass, wat op seng Urtëmlechkeet a säin Zesummenhank mam Entstoe vun der Welt ze dinn huet. Spéider ass dëse Steen duerch eng Statu vum Praxiteles ersat ginn.

Konscht

änneren

An der Konscht ass den Eros scho fréi als schéine klenge Jong duergestalt ginn. Meeschtens war e plakeg, hat Flilleken, an och Feil a Bou. En huet seng Feiler op Gëtter a Mënschen ofgeschoss, huet seng gëttlech Dignitéit awer ëmmer méi verluer. Gläichzäiteg ass d'Virléift gewuess, en net als eenzel Figur, mä zesumme mat ville klenge sougenannten Eroten duerzestellen. An der Renaissance sinn dës Eroten als Putten erëm operstan.

Literatur

änneren
  • Otto Holzapfel: Lexikon der abendländischen Mythologie, 2002, Herder Verlag, Freibuerg. Am Ament vergraff!
  Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.

Um Spaweck

änneren
Commons: Eros – Biller, Videoen oder Audiodateien