(124) Alkeste
Asteroid
Den (124) Alkeste ass en Asteroid vun der Haaptceinture.
Eegenschafte vum Orbit | |
---|---|
Orbittyp | Haaptasteroidenceinture |
Bezuchspositioun | Equinoxe: J2000.0 |
Grouss Hallefachs | 2,629 A.E. |
Peridatum | 7. Juli 2012 |
Exzentrizitéit | 0,0776 |
Sideresch Ëmlafzäit | 4 a 96 d |
Mëttel Bunnvitess | 18,3 km/s |
Inklinatioun | 2,95 Grad |
Physikalesch Eegenschaften | |
Duerchmiesser | zirka 76 km |
Mass | 4,7 x 1017 kg |
Mëttel Dicht | ~2,0 g/cm3 |
Rotatiounsperiod | 9 h 55 min |
Albedo | 0,17 |
Absolut Hellegkeet | 8,1M |
Spektralklass | S |
Entdeckung | |
Entdecker | C. H. F. Peters |
Entdeckungsdatum | 23. August 1872 |
Plaz | Clinton |
Aner Bezeechnungen | - |
Den Objet gouf den 23. August 1872 vum Christian Heinrich Friedrich Peters entdeckt.
Den Himmelskierper gouf no der Alkestis, enger weiblecher Gestalt aus der griichescher Mythologie, déi sech fir hire Mann geaffert hat, awer vun der Persephone nees aus der Ënnerwelt entlooss gouf.
Den Alkeste beweegt sech tëscht 2,4 (Perihel) bis 2,8 A.E. (Aphel) a 4,265 Joer ëm d'Sonn. D'Bunn steet 3,0° schréi géint d'Ekliptik, d'Bunnexzentrizitéit ass 0,08.
Den Asteroid huet en Duerchmiesser vu 76 km. Hien huet eng hell, silikaträich Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,17. A ronn 9 Stonnen a 55 Minutte rotéiert de Kierper ëm seng eegen Achs.