Éimeschbaach (Lieu-dit)

zwéin Lieu-diten an der Gemeng Wëntger
Dësen Artikel beschäftegt sech mat de Lieu-diten Éimeschbaach. Fir d'Baach mam selwechten Numm, kuckt wgl. Éimeschbaach (Baach).

Éimeschbaach-Aasselbuer an Éimeschbaach-Stackem (lokal: Éimischbaach[1]) sinn zwéi kleng Lieu-diten an der Gemeng Wëntger déi aus e puer Bauerenhäff an den Installatioune vun enger Waasserpompelstatioun bestinn. Déi zwou Plaze gi rar getrennt ernimmt, op der topographescher Kaart vum Kadaster ass se als Emeschbaach ze fannen, an um Uertschaftschëld steet Emesch-Bach. Op anere Kaartewierker, wéi op verschiddene Stroossekaarte gëtt se als Ehmeschbach gefouert.

Éimeschbaach
Éimischbaach
D'Éimeschbaach mam "Haff Éimeschbaach" am Hannergrond
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Emeschbach
de: Emeschbach
Land Lëtzebuerg
Kanton Klierf
Gemeng Wëntger
Buergermeeschter Lucien Meyers (CSV)
Koordinaten 50° 05’ 32’’ N
      05° 57’ 19’’ O

Geographie änneren

D'Éimeschbaach läit deelweis am Dräieck tëscht der Kräizung vun der N12 mat dem CR333B tëscht den Uertschaften Houfelt, Weiler, Aasselbuer a Stackem. An der Éimeschbaach, tëscht der Leeresmillen an der Aasselbuerer Millen leeft d'Éimeschbaach an Trëtterbaach. Een Haff läit op der rietser Säit vun der N12 a Richtung Aasselbuer gekuckt, déi aner Gebaier sinn all op der lénkser Säit vun der N12.

Ekologesche Korridor änneren

Um Plateau bei der Uertschaft gouf ufanks 2012 e sougenannte Corridor écologique ugeluecht. De Korridor ass 260 m laang, 5 m breet a besteet aus 950 Traisch a 15 Uebstbeem. E gouf vun der Stëftung Hëllef fir d'Natur vun natur&ëmwelt an Zesummenaarbecht mam Centre national de la défense sociale (CNDS) an dem Forum pour l'emploi realiséiert. Och eng Schoulklass aus der Gemeng Wëntger huet beim Planze gehollef.[2] Den 28. Februar 2014 hunn och ronn 50 Schüler an hir Professeren aus dem Kolléisch am Kader vun hirem Projet d'établissement "think globAL - act locAL" 1800 Hecken a Beem mam Label Heck vun hei gesat, fir all Member aus der Schoulcommunautéit 1 Planz[3],[4].

De Korridor soll et villen Déieren, besonnesch Vigel, Mamendéieren an Insekten erlaben am Schutz vun der Vegetatioun uechter d'Landschaft ze zirkuléieren, hiert Friessen do ze fannen a sech och do kënnen ze reproduzéieren.

Kuckeswäertes änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. Lëscht vun den Uertschaften a Lieu-diten zu Lëtzebuerg. CPLL - Conseil permanent de la langue luxembourgeoise Archivéiert op 2020-08-11. Gekuckt de(n) 14.06.2020.
  2. Emeschbach: 36 élèves ont créé un nouveau couloir biologique pour le bien-être de la faune et flore. Luxemburger Wort vum 1. Februar 2012, S. 37
  3. Im Alltag nachhaltig handeln. Schüler des Athenäums pflanzten Hecken und Bäume im Ösling, Luxemburger Wort vum 4. Mäerz 2014, S. 18
  4. Beem an Hecken, fir méi Biodiversitéit. Eng Planz fir jiddereen aus dem Kolléisch